Europawahlen 2019 LSAP heescht Kandidate gutt

D'LSAP geet fir déi éischte Kéier an hirer Geschicht mat enger duebeler Spëtzt a Wahlen. De Schwéierpunkt vum Wahlmanifest läit op soziale Rechter an dem Klimaschutz. D'Kandidatelëscht gouf mat 90 Prozent vun de Stëmmen ugeholl.

Pia Oppel / cbi

LSAP Kongress
De Marc Angel, d'Simone Asselborn-Bintz, den Elisha Winckel, d'Joanne Goebbels, d'Lisa Kersch an den Nicolas Schmit.

Spëtzekandidate bei den Europawahlen am Mee sinn de fréieren Aarbechtsminister Nicolas Schmit an d'Lisa Kersch. Déi 24 Joer al Politikstudentin war bis zejoert Spriecherin vun der Studentenorganisatioun UNEL. Wéi scho bekannt kandidéieren och de Marc Angel, d'Simone Asselborn-Bintz, d'Joanne Goebbels an den Elisha Winckel.

Op siwe Säite fuerderen d'Sozialisten ënner anerem een europäesche Mindestloun, deen op engem nationalen Index berechent gëtt. Gefuerdert gëtt och, datt fir d'Betriber europawäit eng effektiv Kierperschaftssteier vu minimum 18 Prozent gëllt.

Klimapolitik net deenen aneren iwwerloossen

Muss am Conseil, wou d'EU-Memberlänner vertruede sinn, d'Unanimitéit a Steierfroen ofgeschaaft ginn? Den Nicolas Schmit mengt jo: et misst een dovunner ewech kommen an duerch e System ersetzen, deen de Länner eng Rei Garantië géif ginn.

D'LSAP hält et fir néideg, datt d'Äerderwiermung op maximal 1,5°C limitéiert gëtt. Bis elo hätten d'Sozialiste sech net un d'Ëmweltfro erugetraut, huet et um Kongress geheescht. Dat stëmmt, seet d'Lisa Kersch. Et wier ee sech awer bewosst ginn, datt een de Klimaschutz net nëmmen aneren dierft iwwerloossen. "Well da riskéiert déi sozial Komponent vergiess ze ginn", mengt d'Spëtzekandidatin vun der LSAP.

Mat 12 Prozent vun de Stëmme waren déi lescht Europawahle fir d'Lëtzebuerger Sozialisten eng historesch Defaite. D'LSAP-Europadeputéiert Mady Delvaux huet gëschter confirméiert, datt si sech no den Europawahlen aus der aktiver Politik zréckzitt.


Detailer mam Pia Oppel:

Lauschteren

Méi zum Thema

Parteikongresser fir d'Europawahlen
Europawahlen 2019

Véier Parteien haten hire Kongress fir d'Europawahlen. DP, déi gréng, ADR an déi Lénk hunn hir Kandidaten an hire Wahlprogramm virgestallt. D'ADR presentéiert hire Programm ee Mount virun de Wahlen.

George Penn
Europawahlen 2019

Déi pro-europäesch Partei Volt Europa wëllt och zu Lëtzebuerg mat enger Lëscht bei den Europawalen untrieden. Nach huet si déi 250 Ënnerschrëften net zesummen, fir kënnen un de Wahlen deelzehuelen.

Marc Spautz Exklusiv
Europawahlen 2019

De Marc Spautz wäert net bei den Europawahle kandidéieren, obwuel hie vu senger Partei fir eng Kandidatur gefrot gi wier. Hie wéilt sech op säi Mandat als Deputéierten an der Chamber konzentréieren.

Charles Goerens
DP-Europadeputéierten

De Charles Goerens geet dësen Oktober net mat an d'Chamberwahlen, well hien een definitive Stréch ënnert déi national Politik gezunn hätt. Bei den Europawahlen 2019 wëllt hien awer erëm kandidéieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen