arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP-Generalrot confirméiert Changementer an der Regierung

Regierungsremaniement

|
reading time

1 min

LSAP-Generalrot confirméiert Changementer an der Regierung

De Franz Fayot gëtt Wirtschaftsminister an iwwerhëlt de Kooperationsministère vun der Paulette Lenert, den Dan Kersch Vize-Premier an d'Paulette Lenert iwwerhëlt de Gesondheetsministère a gëtt delegéiert Ministesch fir d'Securité Sociale. Dat hunn de Méindeg den Owend 46 vun 53 Memberen (87 Prozent) vum LSAP-Generolrot decidéiert. Dëse Regierungsremaniement war néideg ginn, nodeems den aktuelle Wirtschafts- a Gesondheetsminister Etienne Schneider d'lescht Woch säin Récktrëtt op de 4. Februar annoncéiert hat.

reading time

1 min

Vun 89 Memberen am Generolrot waren der 53 komm fir hir Stëmm ofzeginn. Vun hinnen hunn der 46 fir d'Propose gestëmmt. Laang Diskussioune gouf et net, d'Reunioun war a manner wéi enger Stonn eriwwer. D'Cecile Hemmen, déi nächst Gewielten am Bezierk Zentrum, iwwerhëlt d'Chambermandat ndat fräigëtt, wann de Franz Fayot bis offiziell zum Mininister ernnant ginn ass.

play_arrow Detailer mam Michèle Sinner