Radioen

On air

De Moien  |  Sterilisatioun, ee Schutz fir Kazen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP ass fir en eenheelteche Wahlbezierk

Kontext Verfassungsreform

LSAP ass fir en eenheelteche Wahlbezierk

D'LSAP ass fir een eenheetleche Wahlbezierk, seet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry. Hannergrond ass e Bréif vum Premier Xavier Bettel en vue vun enger Reform vum Wahlgesetz, op deen d'Parteie bis gëschter hir Positioun - ënner anerem zu de Wahlbezierker an den duebele politesche Mandater - sollte matdeelen. Déi zwee Aspekter sinn an der Verfassung verankert a sollen och an der geplangter Verfassungsreform net geännert ginn.

auto_stories

1 min

Den LSAP-Fraktiounschef ka sech och Ännerungen um Panachage-System virstellen

Et géif kee politesche Konsens ginn, fir manner vum Wahlsystem an d'Verfassung ze schreiwen an dem Wahlgesetz méi Méiglechkeeten ze ginn, esou den Alex Bodry. D'Diskussioun ronderëm d'Wahlgesetz wier senger Meenung no trotzdem keng pro-Forma Diskussioun.

Bis elo hätt kee sech getraut, dat "Tabu-Thema" oppen unzeschwätzen, sou den LSAP-Fraktiounspresident.

"Jiddwer Wahlsystem ass och gebueren aus der nationaler Geschicht an de Besonneschkeeten, déi sech national erginn. Dat ass och beim Lëtzebuerger Wahlsystem de Fall. Mee mir wëssen awer och, datt e seng Ongereimtheeten huet. Datt en net perfekt ass. An dofir soll een un engem bessere Wahlsystem weider schaffen."

LSAP ka sech Ännerungen um Panachage-System virstellen

Et wier wichteg, datt Lëtzebuerg duerch d'Verfassung eng gewëss Stabilitéit a sengem Wahlsystem huet, esou nach den Alex Bodry. Et wier "eng Katastroph", wann dee System bei all neier politescher Majoritéit erëm kéint änneren, sou den Alex Bodry.

Et kéint een net einfach den aktuelle Wahlsystem op en eenzege Wahlbezierk transposéieren an deem een da 60 Stëmmen zegutt hätt, sou den Alex Bodry. De selwechte Moment misst een, dem LSAP-Fraktiounspresident no, och driwwer nodenken, ob een de System vum Panachage "an Zukunft op nëmme méi zwou oder maximal dräi Lëschten" sollt limitéieren.