Radioen

On air

Notturno  |  Field Music - Indeed It Is

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Loyer net bezuelt: 110 Prozedure géint Refugiéen

Logement

Loyer net bezuelt: 110 Prozedure géint Refugiéen

Ëmmer méi unerkannte Refugiée ginn op d'Geriicht geholl, well si hire Loyer an den ëffentleche Strukturen net bezuelen. Dat geet aus enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro ervir. Refugiée mat engem Statut dierfen eigentlech just ee Joer gratis an enger Struktur vum Office National d'Acceuil liewen, dono musse se Loyer bezuelen oder eng eege Wunneng fannen. E Fall viru Geriicht gewanne wier quasi onméiglech, erkläert den Affekot an Expert an Asylrecht, Frank Wies am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

De Frank Wies ass Affekot an Expert an Asylrecht (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Unerkannte Refugiéen hätte kee Mietvertrag mam ONA, erkläert de Frank Wies, mee e Contrat d'Hebergement an deemno géifen hinne vill Garantië feelen. Am Idealfall kéint een d'Conditioune vun deem Vertrag aushandelen, mee well d'Refugiéen a Realitéit keng Marge de manoeuvre hunn, hätte se och keng Alternativen. "An dofir sinn déi Kontrakter dann och meeschtens zäitlech begrenzt an de Präis dee se bezuele geet an d'Luucht wa se och méi laang dra bleiwen. An de Prozentsaz gëtt ëmmer méi grouss deen si bezuelen."

An de leschten dräi Joer wieren 110 juristesch Prozeduren opgemaach ginn, well Leit de Loyer net bezuelt hunn, preziséieren d'Ministeren Asselborn a Cahen an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun déi Lénk. D'Refugiée géifen an der Moyenne eng 600 Deeg an enger Struktur vum Ministère liewen. Eigentlech misste si, wa se de Refugiésstatut bis hunn, awer bannent engem Joer do eraus.

Ma wéinst der ugespaanter Situatioun um Logementsmarché géifen och no engem Joer nach ëmmer vill Refugiée mat engem Statut weider an dëse Strukturen liewen. Déi meescht Leit wieren awer op de Revis ugewisen an do wier et schwéier um fräie Wunnengsmarché eppes ze lounen, mengt de Frank Wies. Eng Léisung wier et méi abordabele Wunnraum ze schafen. D'Leit missten och méi Zäit kréien, seet de Frank Wies. D'Refugiée misste vill méi fréi schonn op dës Situatioun preparéiert ginn.