Radioen

On air

De Moien  |  Pretenders - Don't Get Me Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laurent Loschetter President vum radio 100,7

Medien

Laurent Loschetter President vum radio 100,7

auto_stories

1 min

De Laurent Loschetter gouf am Regierungsrot e Freideg als President vum Verwaltungsrot vum radio 100,7 nominéiert. Säi Mandat beim ëffentleche-rechtleche Radio fänkt direkt un.

Wort online hat den Numm vum neie Verwaltungsrotspresident als éischte Medium gemellt.

De Laurent Loschetter iwwerhëlt d'Plaz vum Françoise Poos un der Spëtzt vum 100,7-Verwaltungsrot. Hiert Mandat war den 10. August 2017 ofgelaf a war net erneiert ginn. Seng Nominatioun wollt de Laurent Loschetter op Nofro um Donneschdeg nach net kommentéieren.

De Laurent Loschetter ass de Grënner an Direkter vum Concertssall Atelier, hien ass Member vum Verwaltungsrot vum Mudam a Gerant vun der Informatik-Entreprise dsl Data Service Luxembourg.

D'Wochenzeitung Lëtzebuerger Land hat Mëtt August geschriwwen, datt de Xavier Bettel "ee politesche Frënd" als neie President vum Verwaltungsrot vum radio 100,7 géif nominéieren.

Am Verwaltungsrot vum radio 100,7 gëtt et och nach e weidert Changement. D'Literaturwëssenschaftlerin a Spriecherin vun der Fedil, Michèle Vallenthini, iwwerhëlt de Poste vum Guy Daleiden. De Guy Daleiden ass Direkter vum Filmfong. Säi Mandat wier nach bis August 2018 gelaf.