An de 90er Jore koum et zu enger Reorientéierung vun der Hëllef, seet de Gaston Schwartz, Generaldirekter vun der Agence Lux-Development. Haut ginn déi lokal Politiken ënnerstëtzt.
Berodung an technesch Assistenz
Den Educatiounsministère am Niger zum Beispill dréit selwer Verantwortung fir hir eege Politik. D'Agence Lux-Development finanzéiert d'Hëllef a proposéiert technesch Assistenz a Berodung.
"Haut geet et éischter drëm, déi lokal Politiken ze stäipen. Mir wëllen, datt d'Partnerlänner sech d'Projeten appropriéieren. Am Fall vum Niger, zum Beispill, ënnerstëtze mir den Educatiounsministère, dee seng eege Politik huet, déi op engem Zéngjoresplang baséiert."
Zesumme mat Frankräich an der Schwäiz gouf ee Fong op d'Bee gestallt, deen et dem nigerianeschen Educatiounsministère erméiglecht, seng Politik ëmzesetzen. D'Agence Lux-Development géif eng Berodung an eng Assistance technique ubidden. Et géif och ee Monitoring gemaach ginn an eng Iwwerpréiwung vum Fong fir ze garantéieren, datt d'Sue korrekt benotzt ginn. Mee d'Partnerland géif d'Verantwortung selwer droen, esou de Gaston Schwartz.
Am Nicaragua gëtt net de Staat, mee d'Zivilgesellschaft ënnerstëtzt
D'Lëtzebuerger Regierung hat decidéiert, d'Zesummenaarbecht mam Nicaragua net komplett ofzebriechen. D'Agence Lux-Development huet am Rapport vum leschte Joer ënnerstrach, datt déi sozial Situatioun am Nicaragua sech degradéiert huet. D'Zivilgesellschaft manifestéiert géint ënner anerem d'Reform vun der Sozial- a Gesondheetspolitik.
"Mir schaffen am Nicaragua net méi mat staatlechen Institutiounen zesummen, wéi dat soss an aneren Zillänner vun der Kooperatioun de Fall ass. Dat maache mir am Nicaragua net méi. Mir schaffen elo wahrscheinlech an den nächste Méint éischter um Niveau vun der Zivilgesellschaft. Lëtzebuerg bleift awer present op engem méi bescheidene Niveau, fir eben déi Leit ze ënnerstëtzen, déi probéieren déi sozial a politesch Situatioun ze änneren, sou wéi d'Populatioun dat gefrot huet."
Am Mali bleift d'Sécherheetsfro en zentraalt Thema
D'Situatioun am Mali ass fir den Ament wéinst dem Konflikt ganz schwiereg. D'Agence Lux-Development bleift awer um Terrain present.
"Mir hunn eis Leit net zeréckgezunn, mir hunn eng ganz Rei Expatriéierter am Mali. Allerdéngs hale mir eis un d'Consignen, déi virun Allem de franséischen Ausseministère erausgëtt. Och d'Lëtzebuerger Ambassade op der Plaz suivéiert d'Situatioun ganz genee, fir ze soen a wéi eng Zonen een als Auslänner kann oder net ka goen. Et gëtt déi sougenannten Zone rouge, déi vun der franséischer Regierung als formellement déconséillée consideréiert gëtt. Do gi mir net hin. do probéiere mir mat lokale Partner zesummenzeschaffen. Dat heescht mat lokalen ONGen oder lokale Mataarbechter."