arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lokal Mataarbechter vun der GIZ virun engem Dilemma

Däitschland

|
reading time

3 min

Lokal Mataarbechter vun der GIZ virun engem Dilemma

Aus Afghanistan ausgeflu ginn - oder de Salaire vun engem Joer am Viraus kréien. Virun déi Decisioun stellt déi däitsch Agence fir Entwécklungshëllef hir fréier afghanesch Mataarbechter an dësen Deeg. Déi däitsch Oppositiounsparteie kritiséieren dës Mesure schaarf.

reading time

3 min

play_arrow Lauschteren

Wien als Mataarbechter am Afghanistan bleift, kritt also säi Salaire ee Joer laang am Viraus, och wann et d'Aarbecht de facto net méi gëtt. Dat huet de Noriichtemagasinn Der Spiegel iwwer de Weekend gemellt. Mëttlerweil huet den däitschen Entwécklungsministère confirméiert, datt Entwécklungsagence GIZ fréiere Mataarbechter dës Offer mécht.

D'Suen huelen oder evakuéiert ginn

An der Praxis heescht dat, datt sech déi afghanesch Mataarbechter, déi an der Vergaangenheet fir Däitschland geschafft hunn, sech elo mussen decidéieren: entweder vu Kabul aus evakuéiert ze ginn oder d'Suen ze huelen.

D'Mesure gëtt schaarf kritiséiert - souwuel vu fréiere Mataarbechter am Afghanistan, wéi och vun der politescher Oppositioun. Dem Spiegel soten afghanesch Mataarbechter, et wier "niederschmetternd", datt Däitschland offensichtlech géif probéieren, d'Zuel u Leit, déi missten evakuéiert ginn, sou niddereg wéi méiglech ze halen.

De Combel vun der Propose ass nämlech: wien d'Suen hëlt, duerf sech duerno zwar op d'Ausreeslëscht setze loossen, mee sech net méi fir den offizielle Programm fir d'Rettung vun de Mataarbechter sur place umellen.

Et gëtt schaarf Kritik

Besonnesch d'Bündnis90/Die Grünen an d'FDP - also zwou Oppositiounsparteien am Bundestag - hunn d'Mesure hefteg kritiséiert.

Déi gréng Britta Haßelmann huet se zum Beispill an engem Tweet en "weideren Déifpunkt am Handele vun der Bundesregierung" genannt.

Gläichzäiteg huet den däitschen Entwécklungsminister Gerd Müller vun der CSU sech dofir ausgeschwat, de Rettungsasaz auszewäiten. A bestëmmte Fäll misste Familljen nämlech getrennt ginn, fir evakuéiert kënnen ze ginn. Sou huelen déi däitsch beispillsweis erwuessen, net bestuete Meedercher vu lokale Mataarbechter mat, hir erwuesse Jongen allerdéngs net. Dat wier inhuman, sou den Entwécklungsminister.