Den éischten Defi wier dee vun der Organisatioun vum Personal, sou de Marc Fischbach. De Gesetzprojet fir dat neit Covid-Gesetz gesäit jo vir, datt Personal, wat net geimpft oder geheelt ass, sech zweemol an der Woch obligatoresch muss testen. Wien déi Tester refuséiert, kann net schaffe kommen. Ënner dem Stréch falen déi Persounen also aus a missten ersat ginn.
An dësem Fall misst dann op anert Personal zeréckgegraff ginn, wat zwar do wier, mee wat da misst Iwwerstonne maachen oder aus Weekends oder aus der Fräizäit zeréckgeruff ginn, an dat wier net evident, gëtt de Marc Fischbach ze bedenken.
Wien iwwerhëlt d'Käschten?
Doriwwer eraus wier nach ze klären, ënner wéi enger Form den net-getesten Salarié da fräigestallt gëtt. Fir de President vun der COPAS stellt sech d'Fro, wéi dëse Congé gehandhaabt gëtt a wien déi Käschten, déi mat der Absence vum concernéierte Salarié zesummenhänken, géif iwwerhuelen.
Fir de Marc Fischbach ass awer kloer, datt den Employeur dës Käschten net kéint iwwerhuelen, "well deen huet jo keng Decisioun geholl, deen huet sech enger legaler Flicht ënnerworf". Fir de President vun der COPAS ass deemno kloer, datt de Staatsbudget dat géif iwwerhuelen.
Klärungsbedarf gesäit d'COPAS am Gesetzesprojet ënner anerem och nach beim Dateschutz: bis elo war jo kee Salarié gehalen, sengem Patron iwwerhaapt matzedeelen, ob e geimpft ass oder net.