Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logements-Expert: "Et feelt un enger Strategie hei zu Lëtzebuerg"

Logement zu Lëtzebuerg

Logements-Expert: "Et feelt un enger Strategie hei zu Lëtzebuerg"

De Geograph Tom Becker vermësst eng iwwergräifend Strategie fir de Logementsproblem ze léisen. De Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg seet, et wier wichteg, datt de Staat, d'Gemengen an déi privat Acteure sech besser berode loossen. Och d'Uni kéint dobäi eng Roll spillen, sou den Tom Becker. Et géif och scho verschidden Alternativen, wéi zum Beispill d'Cellule nationale d'information pour la politique urbaine. D'Uni géif och reegelméisseg Colloquen an Table-Ronden zum Thema organiséieren.

auto_stories

1 min

De Geograph Tom Becker beschäftegt sech op der Uni Lëtzebuerg mat der Problematik. Hie seet, et géif bis ewell eng laangfristeg Strategie feelen, dat hätt zum Beispill de Projet Esch-Belval gewisen. D'Ëmsetzung vun dësem Projet géif elo scho bal 20 Joer lafen, a während dëser Zäit hätten d'Besoine sech geännert; et géifen zum Beispill méi Wunnenge gebraucht. An esou Fäll misst een de Masterplang kënnen upassen, et misst een also méi flexibel sinn, sou dem Tom Becker seng Iwwerzeegung, "amplaz haut e Plang ze maachen, deen an 20-30 Joer nach d'selwecht muss ëmgesat ginn".

Méi Wësse vermëttelen

Fir de Logements-Problem misste verschidden Acteure mat agebonne ginn, wéi de Staat, d'Gemengen a privat Promoteuren. Et wier wichteg, datt dës Acteure richteg berode ginn.

"A mengen Ae misst do och einfach nach méi Wëssen doriwwer vermëttelt ginn, wéi een un déi Saachen erugeet. Wa mir d'Gemengen als Beispill huelen: Déi wëssen dacks net, wéi se sech bei sou Saache sollen uleeën, fir mat de Proprietären ze verhandelen, oder wéi se de Proprietäre vläicht e gréissere Projet solle 'verkafen'."