Radioen

On air

Zeenewiessel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Logement: Jugendparteie fuerdere weider Mesuren

Gemeinsam Stellungnam

Logement: Jugendparteie fuerdere weider Mesuren

Fir der Wunnengsbaukris nach an dëser Legislaturperiod entgéint zu wierken hunn déi véier Jugendparteien D'Jonk Demokraten, d'CSJ, D'Jong Sozialisten Déi Jonk Gréng véier gemeinsam Revendicatiounen ausgeschafft.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Kuerzfristeg a laangfristeg Moossnamen, mee och strukturell Reforme ginn an deenen Fuerderungen opgelëscht, erkläert de Fabricio Costa vun de Jonke Gréngen.

Sou fuerderen déi véier Jugendparteien, datt de Spezialfong fir Wunnengen finanziell opgestockt gëtt, fir datt de Staat bis zu 1.500 Wunnengen um private Marché kafen kann. Ganz nom Wiener Modell soll op déi Manéier déi ëffentlech Hand d'Präisser um Wunnengsmarché regléiere kennen.

Mobiliséierungssteier a méi héije Bëllegen Akt

Weider soll d'Mobiliséierungssteier méi schnell gräifen an och erhéicht ginn. Den Ament musse Proprietären dës Steier eréischt no zéng Joer bezuelen. Et soll evitéiert ginn, datt Terrainen ze laang eidel stinn, erkläert de Fabricio Costa.

"An eisen Aan kann et net sinn, datt mir op där enger Säit Jonker hunn, déi ëmmer manner Zougang hunn zum Logementsmarché an déi et ëmmer méi schwéier hunn, ee Logement ze fannen, grad well mir eng Penurie um Marché hunn. An op där anerer Säit hu mir ganz vill Terrainen déi eidel stinn, Baulücken, déi séier kéinte bebaut ginn, a wou ebe grad eng Minoritéit u Proprietären déi net bebaut."

Ausserdeem fuerderen déi véier Jugendparteien, datt de sougenannte Bëllegen Akt vun 30.000 op 50.000 Euro erhéicht gëtt.

Staatsgarantie eropsetzen

Fir Jonken mat geréngem Kapital nach méi ënnert d'Äerm ze gräifen soll och d'Staatsgarantie erhéicht ginn. De Maximalbetrag vun dëser Garantie, deen den Ament bei 150.000 Euro läit, géif, de véier Jugendparteien no, net méi der Präisrealitéit entspriechen.

Alles Revendicatiounen, op déi sech déi véier grouss Jugendparteie gëeenegt hunn, nodeems ee vill gemeinsam Positioune fonnt hätt.

Elo géif ee weider den Dialog mat de Mammeparteie sichen, fir dës Revendicatiounen nach an dëser Legislaturperiod duerchzesetzen.