Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logement: IWF mécht Lëtzebuerg konkret Proposen

Internationale Wärungsfong

Logement: IWF mécht Lëtzebuerg konkret Proposen

Den Internationale Wärungsfong lueft de Pacte Logement 2.0 an de Baulandvertrag. Déi Mesurë ginn dem IWF awer net duer - si maache Lëtzebuerg konkret Proposen, zB keng Leit am Secteur public méi anzestellen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / nito

Lauschterenplay_arrow


Méi bauen, méi dicht bauen, méi séier bauen. D'Äntwert op d'Logementskris zu Lëtzebuerg kléngt beim Internationale Wärungsfong (IWF) net anescht, wéi een et schonn dacks héieren huet.

Den IWF lueft dowéinst och verschidde Programmer vum Logements- a vum Inneministère: zum Beispill de Baulandvertrag, mee och d'Mesure vum Pacte Logement 2.0, fir 20 Prozent abordabele Wunnraum bei all neiem Bauprojet ze schafen.

Och déi geplangten nei Grondsteier an d'Erweiderung vun den Hëllefe fir schwaach a mëttel Akommes gi positiv ënnerstrach.

Kritik um Oligopol vu Konstruktiounsfirmen a Landbesëtzer

Wéinst den héije Präisser géife vill Leit vu Lëtzebuerg mëttlerweil iwwer d'Grenze wunne goen, wat awer keng nohalteg Léisung wier. Den IWF kritiséiert dowéinst och den Oligopol un Konstructiounsfirmen a Landbesëtzer, déi d'Bauland just lues a lues fräi ginn, fir vun den héije Präisser ze profitéieren.

Wéinst enger Steierreduktioun vu Kapitalerträg op Immobilien tëscht 2016 an 2019 hätt d'Regierung deenen Oligopolisten iwwerdeems nach e Cadeau gemaach an eng méi grouss Konzentratioun vu Land erméiglecht.

IWF: Manner Leit am Secteur public astellen

Den IWF schléit awer och méi strukturell Mesurë vir, virun allem fir d'Demande no Wunnraum ze drécken. Sou recommandéieren d'Ekonomisten zum Beispill, manner Leit am Secteur public anzestellen an do just nach déi néideg Plazen ze besetzen.

De Grond: D'Employéë beim Staat a bei de Gemenge verdéngen engersäits gutt, anerersäits wëllen si natierlech och no bei hirer Aarbecht wunnen. Dat suergt fir méi ee groussen Drock op d'Demande no Wunnraum. 40 Prozent vun de Residenten zu Lëtzebuerg schaffen am Secteur public.

Handwierker- a Liwwerenkpäss

Kritik gëtt et vum IWF och un der Steierreform vun 2017 - hei goufe Steierkreditter geschaaft an och d'Zomm erhéicht, déi ee vun den Zënsen um Prêt kann ofsetzen. Den IWF schléit vir, déi Steiervirdeeler auslafen ze loossen, fir d'Demande no Wunnraum ze reduzéieren.

D'Demande ass haaptsächlech dowéinst problematesch, well net séier genuch gebaut gëtt - dat och, well et am Moment Enkpäss bei Aarbechter an Handwierker, mee och Liwwerproblemer um Marché fir Baustoffer gëtt, wat d'Präisser weider klamme léisst.

Grad am Bausecteur wieren d'Paien zu Lëtzebuerg och net héich genuch, fir Aarbechter aus der Grenzregioun heihin ze lackelen.