Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logement: DP an CSV wëlle "mat der Muert an net mam Bengel" virgoen

Logementspolitik

Logement: DP an CSV wëlle "mat der Muert an net mam Bengel" virgoen

D'Lëtzebuerger Populatioun wiisst all Joer ëm iwwer 10.000 Awunner, dofir ginn d'Wunnengen ëmmer méi deier. Trotz dësem Drock sinn d'DP an d'CSV dogéint, Proprietairë vun eidele Wunnengen an ongenotztem Bauland ze bestrofen.

auto_stories

3 min

Marc Lies (CSV) a Max Hahn (DP)

D'CSV an d'DP si sech grondsätzlech eens: Béid Parteie wëllen net an d'Rechter vun de Proprietairen agräifen, fir nei Wunnengen ze schafen. Seng Partei wär fir "d’Politik vun der Muert, an net vum Bengel", esou de Max Hahn vun der liberaler DP am 100,7-Interview. Mat der Approche ass och de Marc Lies averstanen: Den CSV-Deputéierte seet, hie wéilt sech vu Mesurë wéi Zwangsverpachtungen oder gedeckelte Loyeren "distanzéieren".

D'Regierung setzt op steierlech Ureegungen a "Baulandverträg"

Fir d'Proprietairen dozouzebréngen op eidelen Terrainen ze bauen, géif d'Regierung zum Beispill mat steierlechen Ureegunge schaffen, esou de Max Hahn: Bis Enn 2017 misste Proprietaire vun eidelen Terrainen dofir just hallef esouvill Plus-value-Steier bezuelen, wéi normalerweis virgesinn. Duerno gëllt dann nees den normalen Taux.

D'Regierung wéilt och verhënneren, datt nei Terrainen als Bauland klasséiert ginn, ouni datt effektiv drop gebaut gëtt, esou den DP-Deputéierten. Déi blo-rout-gréng Regierung géif dofir op "Baulandverträg" sëtzen: Dat heescht, datt Proprietairen an Zukunft sollen e Vertrag mat hirer Gemeng ofschléissen, wann hir Terrainen als Bauland klasséiert ginn. Mat dësem Vertrag verflicht de Proprietaire sech, säin Terrain bannent engem bestëmmten Zäitraum ze bebauen. Wann ee während dëser Zäit net vu sengem Baurecht profitéiert, da gëtt den Terrain nees aus dem Bauperimeter gestrach.

D'CSV wëllt méi wäit goen

Der CSV ginn dës Mesurë vun der Regierung net wäit genuch: Wa grouss Bauprojeten, zesummen mat de Gemengen ëmgesat ginn, kéint ee privat Proprietairen zwéngen, méi e groussen Deel vun hirem Terrain fir Sozialwunnengen zur Verfügung ze stellen, esou de Marc Lies. D'CSV kéint sech virstellen, datt e Proprietaire 20 bis 30 Prozent vu sengem Terrain "un d'Allgemengheet ofgëtt", wann en an enger Zon läit, wou ee grousse Projet geplangt ass. Am "Pacte Logement" vun der Regierung wären awer just zéng Prozent virgesinn.

Fonds du Logement: D'CSV ass net mat der proposéierter Reform averstanen

Och de Fonds du Logement soll dozou bäidroen, méi bezuelbare Wunnraum ze schafen. En Donneschdeg soll an der Chamber eng Reform ugeholl ginn, fir de Fong méi efficace a méi transparent ze maachen. Et wär "evident", datt d'Ressourcë vum Fong besser kenne genotzt ginn, wann een déi intern Ofleef verbessert, an doduerch kéinten dann och méi Wunnengen zu méi gënschtege Konditiounen ugebueden ginn, esou de Max Hahn.

Och d'CSV ass der Meenung, datt de Fonds du Logement muss nei opgestallt ginn. Mat der Reform déi d'Regierung proposéiert, ass déi gréisst Oppositiounspartei awer net averstanen: De Marc Lies ënnersträicht, wann ee méi bezuelbar Wunnenge wéilt bauen, da misst ee méi enk mat de Gemengen a mat privaten Acteuren zesummeschaffen, amplaz de Fong méi staark ze reguléieren. D'CSV wëllt dofir géint déi geplangte Reform stëmmen.