Éisträich Lockerungen trotz Mutatioun
An Éisträich gi vun haut un d'Mesurë géint de Coronavirus gelockert. D'Regierung zu Wien argumentéiert dee Schrëtt notamment mat de staarken Nieweneffekter vum Lockdown op d'Psyche vun de Leit. An Däitschland ginn d'Lockerungen am Nopeschland awer deels kritiséiert. Doriwwer eraus ginn am Weste vun Éisträich eventuell nei Mesuren néideg.
Zanter bal dräi Woche pendelt d'Zuel vun de Neiinfektiounen an Éisträich ronderëm 1.500 den Dag. Trotz Lockdown sinn dës Wäerter net signifikant erofgaangen. Als Verglach: um Héichpunkt vun der éischter Well am Mäerz louch dës Zuel bei knapps iwwer 1.000.
Trotzdeem huet d'Regierung zu Wien decidéiert, datt vun haut un d'Butteker, Coiffeuren an d'Muséeën nees sollen opgoen, an d'Schüler nees an d'Schoul ginn. Argumentéiert gëtt dee Schrëtt mat de negativen Auswierkunge vum Lockdown op d'Ekonomie an d'Psyche vun de Leit. Op där anerer Säit sinn d'Areesbeschränkungen nach eng Kéier verschäerft ginn an et soll vill méi getest ginn. Sou brauch een zum Beispill an Zukunft en negatiivt Testresultat fir bei de Coiffeur ze goen.
Kritik aus dem Ausland a vun der Oppositioun
Datt elo, wou sech och an Éisträich déi nei Virusvarianten ausbreeden, gelockert gëtt, stéisst beim däitschen Nopeschland Bayern awer op Onverständnis. Déi bayresch CSU wëllt notamment d'Grenzkontrolle stäerken.
An och an Éisträich gëtt et Kritik: sou huet d'Oppositioun am Parlament géingt d'Lockerunge gestëmmt. De Sozialdemokraten ass de Schrëtt ze riskéiert. Déi reits-national FPÖ dogéint wëllt ee komplett Ophiewe vum Lockdown.
Virusvarianten am Tirol
Iwwerdeems gouf an Éisträich bis déif an d'Nuecht op e Méinden era verhandelt, ob d'Lockerunge fir dat ganzt Land solle gëllen. Am Bundesland Tirol, dat schonn am Fréijoer wéinst dem Cluster zu Ischgl an de Schlagzeile war, verbreet sech déi sougenannten "südafrikanesch" Mutatioun vum Coronavirus. Et ass onkloer, ob dës Mutatioun sech op d'Wierksamkeet vun den Impfstoffer auswierkt.
Eng Innsbrucker Virologin hat dofir schonn déi lescht Woch gefuerdert, datt et am Tirol net dierft zu Lockerunge kommen, an datt d'Bundesland vum Rescht vun Éisträich misst isoléiert ginn. D'Regierung zu Wien huet dëse Virschlag opgegraff: Medieberichter no gouf notamment iwwert e Verbuet nogeduecht, an oder aus Tirol eraus ze reesen, ausser an Ausnamefäll.
Lockerungen am Tirol ... fir den Ament
Am Tirol selwer war een net begeeschtert vun deene Pläng: d'Landesregierung, souwéi regional Wirtschafts- a Salariatsvertrieder hu verlaangt, datt Tirol zesumme mat deenen anere Bundeslänner dierf opspären. Gemooss un der Awunnerzuel läit Tirol bei de Neiinfektiounen am Mëttelfeld, gëtt argumentéiert.
Bis déif an déi lescht Nuecht hu Vertrieder vum Gesondheetsministère zu Wien a vun der Tiroler Landesregierung verhandelt - ouni Accord. Haut konnten deemno och am Tirol d'Geschäfter nees opmaachen. Fir wéi laang ass allerdéngs net gewosst: wéi hënt gemellt gouf, wier d'Decisioun just ëm een Dag verluecht ginn.