Radioen

On air

Resonanzen  |  Luigi Boccherini - Concerto fir Cello Nr.2 a Ré Majeur, KV 479, III. Allegro Assai - Françoise Groben (Cello), Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lobbyregëster fir méi Transparenz

Däitschland

Lobbyregëster fir méi Transparenz

Den däitsche Bundestag huet gëschter Owend fir e Lobbyregëster votéiert, dat an Zukunft fir méi Transparenz suerge soll. Laang hat sech d'Regierungspartei CDU géint dëst gewiert, d'Lobbyismusskandaler aus de leschte Wochen hunn den Drock awer verstäerkt. Vum Dësch ass de Problem domadder awer nach net, mengt eisen Däitschland-Korrespondent.

auto_stories

2 min

Et war eng zéi a jorelaang Diskussioun: elo awer hunn déi zwou däitsch Regierungsparteie CDU an SPD e Lobbyregëster duerchgesat.

Strofe vu bis zu 50.000 Euro bei Verstouss

An Zukunft musse Lobbyisten sech an een ëffentlecht Regëster androen an hei uginn, fir wie si schaffen a wéi vill si heifir kasséieren. Dat soll net nëmme fir Rendezvousen an de Chefetage gëllen, mee och scho fir Gespréicher mat Unterabteilungsleiter an de Ministèren zum Beispill.

Doniewent mussen d'Lobbyisten engem Code de Deontologie zoustëmmen, deen integer Interessevertriedung definéiert. E Verstouss géint dës Reegele kann zu engem Entzuch vum Accès oder enger Strof vu bis zu 50.000 Euro féieren.

Fir d'Regierungsparteien ass et no de jorelaangen Diskussiounen ee wichtegt Signal, d'Oppositioun weist sech awer net beandrockt. D'AfD huet gëschter géint d'Gesetz votéiert, d'FDP, die Linke an och déi Gréng hunn sech enthalen. Hinne geet d'Gesetz net wäit genuch, well an dësem vill Ausname stinn, zum Beispill fir Gewerkschaften, Patronatsverbänn, politesch Stëftungen, kierchlech a reliéis Communitéiten, an alles wat d'Lokalpolitik betrëfft.

Laang Lëscht u Skandaler

Och Transparency International huet d'Entscheedung als hallefhäerzege Schrëtt bezeechent, vun deem keng signifikant Transparenz ze erwaarde wier. Souguer d'SPD huet um Enn hiert Gesetz misse kritiséieren, well hei de sougenannten "exekutive Foussofdrock" net consideréiert gouf. Dëse sollt festhalen, wéi konkret Lobbyisten Afloss op Gesetzestexter geholl hunn. Aus der Unioun huet et awer geheescht, dat wier onnéidege bürokratesche Blödsinn.

Datt d'Uniounsparteie vun Ufank un net begeeschtert waren iwwer de Lobbyregëster ass kee Geheimnis. Mee am leschte Joer stounge si selwer ëmmer nees am Fokus vu Lobbyismusskandaler: zejoert war et d'Affär ëm den CDU-Politiker Philipp Amthor, deen am Bundeswirtschaftsministerium Lobbyaarbecht fir eng amerikanesch IT-Firma bedriwwen hat. Dëst Joer war et déi sougenannte Maskenaffär, bei där d'Politiker Georg Nüßlein an Nikolas Löbel héich Provisioune bei der Vermëttlung vun Otemschutzmaske kasséiert haten.

Dës Skandaler hu sech negativ op d'Sondagen ausgewierkt an d'Unioun hofft wuel elo mam Lobbyregëster hiren Image nees ze verbesseren. D'Kritiker vum Gesetz fuerderen, datt ee spéitstens no der Bundestagswal am September nach eemol nojustéire misst. Spéitstens da kéint sech weisen, wéi eescht d'Unioun et mat der Transparenz wierklech mengt.