Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  John Grant - It's a Bit...Disconcerting

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lobbyismus encadréieren, mee wéi?

Transparenzregester

Lobbyismus encadréieren, mee wéi?

D'Chamber soll an Zukunft oppe leeën, wien Afloss op d'Aarbecht vun den Deputéierte wëllt huelen. An engem sougenannten "Transparenzregëster" soll jiddweree kënne gesinn, wéi eng Acteure Kontakt mat de Politiker haten. De Grupp vu Staate géint Korruptioun, GRECO, hat d'Aféiere vun engem Lobby-Regëster gefuerdert. Elo läit eng Textpropose um Dësch - a suergt fir Meenungsdivergenzen bei de Koalitiounspartner.

auto_stories

4 min

All Persoun oder Organisatioun, déi déi politesch oder legislativ Aarbecht vun den Deputéierten op iergendeng Manéier wëll beaflossen, muss sech fir d'éischt an den Transparenzregëster aschreiwen. D'Regëster soll um Internetsite vun der Chamber einfach fir de Public accessibel sinn. An d'Deputéiert musse regelméisseg rapportéieren, mat wéi eng Acteuren aus dem Regëster si een "organiséierte Kontakt" haten.

Dat ass d'Kärpropos, déi den ADR-Deputéierte Roy Reding a senger Virlag mécht. De President vun der Reglementskommissioun an der Chamber seet, hien hätt domadder deem Rechnung gedroen, wat am Virfeld mat den anere Parteie beschwat gouf.

DP an CSV hu Bedenken

De 25. Mee hätt d'Reglementskommissioun sech sollen treffen, fir d'Aarbecht um Text ofzeschléissen. Mee d'Reunioun gouf ofgesot, nodeems den DP-Fraktiounschef Gilles Baum zousätzlech Bedenkzäit gefrot huet. Op d'mannst eng aner Partei kéint sech och nach net definitiv zum Text äusseren, hat den DP-Politiker senge Kommissiounskollege matgedeelt. Gemengt ass d'CSV.

Béid Parteie stéiere sech ënner anerem drun, datt physesch Persounen am Transparenzregëster sollen opdauchen, de Gilles Baum:

"Wann eng eenzel Persoun kënnt, déi kënnt jo da vläicht fir hiren eegene Point de vue. Mee déi kënnt jo net fir eng Organisatioun. Dowéinst sinn ech der Meenung, datt mir eenzel Persounen net sollten am Regëster opféieren."

Wat ass Lobbyismus?

Den CSV-Deputéierte Léon Gloden fënnt och, datt d'Kontroll vum Lobbyismus strikt op déi legislativ Aarbecht u Gesetzestexter misst reduzéiert ginn. Den Text viséiert awer och méi allgemeng déi "politesch Aarbecht" vun den Deputéierten. Politiker wier een awer 24 op 24 Stonnen, seet de Léon Gloden. An et géif ee vu ville Leit sollicitéiert ginn - ouni datt dat als Lobbyismus dierft interpretéiert ginn. Den CSV-Politiker nennt ee fiktiivt Beispill:

"De Jempy Müller hält mech an der Groussgaass an der Stad un a seet: 'Ech hunn ee Problem mat menger Pensioun, do klappt eppes net. Kanns du do mol fir mech intervenéieren? Do stellt sech konkret d'Fro: Fält dat an de Champ d'application vun deem Transparenzregëster? Wa jo, da muss de Jempy Müller sech fir d'éischt op dee Regëster androen an da kann ee mat mir doriwwer schwätzen. An ech muss dat dann un de President rapportéieren."

Wann dann zum Beispill Geschäftsleit sech géifen u Politiker wenden, da wier dat jo gewéinlech am Interessi vun hirem Betrib - an déi Societéite misste sech dann an de Regëster androen, seet de Léon Gloden. A sengen Aen wier dat awer eben och just néideg, wann et ëm d'legislativ Aarbecht geet - an net ëm "politesch Aarbecht" méi generell.

Majoritéit ass sech net eens

Hien hätt mat der DP iwwer seng Bedenke Rieds gehat, seet de Léon Gloden op Nofro hin. De liberale Fraktiounschef Gilles Baum wëll op Nofro hin net vun enger Concertatioun schwätzen:

"Ech weess, datt et bei der CSV och nach Bedenken a Problemer gëtt. Wou si gesot hunn, si brauchen och nach méi Zäit fir mat neien Textproposen ze kommen. Mee et ass net esou, datt hiren oder eisen Text do mateneen ausgetosch gi wieren - oder déi vis-à-vis géife leien. Dat ass net de Fall."

Eng Concertatioun gouf et awer och net mat den anere Majoritéitsparteien. D'Fraktiounscheffe vun LSAP an déi gréng erklären hirersäits op Nofro hin, si stéingen hannert der Textpropose, déi elo um Dësch läit.

Keng Sanktioune bei Verstéiss

Och d'Piratepartei seet sech mat der Ausriichtung vun der aktueller Propose averstanen. Dat obwuel den Text eng Panoplie vun Ausname vun der Regësterflicht virgesäit - a keng Sanktioune bei Verstéiss. De Piraten-Deputéierte Sven Clement hält déi fir d'Pirate méi typesch Maximalfuerderungen a Saachen Transparenz an dësem Dossier net fir zilféierend.

Haaptsaach wier, et géif elo iwwerhaapt Mol eppes geschéien. Effektiv haten d'Piraten 2019 eng eege Propose fir d'Aféiere vun engem Lobbyregëster gemaach, déi de Sven Clement selwer fir manner ambitiéis hält, ewéi den aktuellen Text.

Ausname fir Beruffsorganisatiounen

Vun der Obligatioun sech an de Regëster anzeschreiwen, sinn eng Rei Acteuren ausgeschloss: D'Europadeputéiert, staatlech Institutiounen, lokal a kommunal Autoritéiten, d'Beruffschamberen an "Beruffsorganisatiounen".

Den Terme Beruffsorganisatiounen ass dobäi net méi genau definéiert. Den ADR-Deputéierte Roy Reding nennt Beruffsverbänn vun den Affekoten an Notairen als Beispill. Mee kéinten hei och de Patronatsdaachverband UEL oder d'Gewerkschafte gemengt sinn, wéi verschidde Memberen aus der Reglementskommissioun mengen? Da géif ee wichtegen Deel vun den Interessiverbänn am Land net als Lobbyiste gëllen.

Ausname fir Berodung

Och eng ganz Rei Acteuren, déi d'Deputéiert beroden, géifen der aktueller Propose no net am Transparenzregëster opdauchen. Rieds geet vu "juristescher a professioneller Berodung". Rieds geet ënner anerem vun Analysen an Etuden, déi d'Deputéiert iwwer de méiglechen Impakt vu Gesetzesännerunge sollen opklären.