Radioen

On air

Webinar  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liwwerketten: EU wëll méi Konsequenz bei Mënscherecht- an Ëmwelt-Standarden

NEI EU-DIREKTIVE

Liwwerketten: EU wëll méi Konsequenz bei Mënscherecht- an Ëmwelt-Standarden

Zu Lëtzebuerg fuerdere verschidden ONGen an d'Mënscherechtskommissioun zanter laangem ee Liwwerkette-Gesetz. Elo mécht Bréissel eng Propos, fir Produzenten a Fournisseuren dozou ze verflichten, sech u Mënscherechter an Ëmweltschutz ze halen.

auto_stories

3 min

Et war laang op d'Presentatioun vun dëser Propos gewaart ginn. Den Dag vu gëscht gouf vu verschiddenen als groussen Dag fir d'Mënscherechter gefeiert.

Zwee Joer laang huet d'Kommissioun dru geschafft, si hätt dat och op Demande vu ville EU-Bierger gemaach. Iwwer 500.000 Leit hu bei der ëffentlecher Consultatioun matgemaach, sou den Didier Reynders, den EU-Kommissär fir d'Justiz.

EU-Kommissioun: Fräiwëllegen Engagement geet net duer

Et wier un der Zäit, den Entreprisë verbindlech Reegelen ze ginn. Fräiwëlleg Engagementer hätten deels funktionéiert, awer net iwwerall.

"Nous proposons un cadre horizontal, dans lequel les entreprises du marché unique respectent les droits humains et l'environnment dans leurs propres activitét, les activités de leurs filiales, mais aussi à travers leurs chaînes de valeurs."

Betraff wieren deemno och Fournisseuren, déi hire Sëtz net an der EU hunn. Viséiert ginn zwou Zorten vun Entreprisen, sou den Didier Reynders

"Celles qui on plus de 500 employés et un chiffres d'affaires d'au moins 150 millions d'euros au niveau mondial et celles qui comptent plus de 250 employés et réalisent un chiffre d'affaire de 40 millions d'euros et qui opèrent dans des secteurs à un niveau d'impacte élevé."

Ënnert déi éischt Kategorie géifen 9.500, där zweeter 3.400 Entreprisen gehéieren, sou d'Aschätzung vun der Kommissioun.

EU-Parlament begréisst Propos, géif awer gäre méi wäit goen

Verschidde Länner wéi Frankräich oder Däitschland hu schonn esou ee Liwwerkettegesetz. Déi proposéiert Direktiv géif awer iwwert dat eraus, wat bis elo an de Memberlänner gelt. D'Direktiv soll fir eng Harmoniséierung suergen, ënnersträicht den Thierry Breton, EU-Kommissär fir de Bannemarché.

D'Propos vun der Kommissioun gouf virun allem am Europaparlament mat vill Zousproch opgeholl. Et wier gutt, datt d'Direktiv fir vill Secteure gëlle soll, seet den Europadeputéierten Timo Woelken. Allerdéngs wollt d'Parlament a verschiddene Punkte méi wäit goen. Et missten och kleng a mëttel Entreprisen an d'Flicht geholl ginn, sou eng Kritik. Dernieft wier och d'Verantwortung vun de Fournisseuren plazeweis net däitlech genuch definéiert.

Déi Lëtzebuerger Gréng Tilly Metz vermësst an der Propos vun der Kommissioun ee méi klore Lien op d'Ziler vum Klimaschutz, genee ewéi eng Referenz op ee Verbuet vun Zwangsaarbecht.

Lëtzebuerg och um Zuch

D'Parlament hofft elo, seng Fuerderungen nach an den Negociatiounen mat de Memberlänner duerchzesetzen.

Zu Lëtzebuerg fuerdert eng Initiativ vu verschiddenen ONGe genee ewéi d'Mënscherechtskommissioun schonn zanter Joren, datt d'Regierung soll esou ee Gesetz op de Wee bréngen. Et lafen zwar Iwwerleeungen, mee bis elo huet Blo-Rout-Gréng op de fräiwëllegen Engagement vun de Betriber gesat an aus Angscht virdrun, datt Entreprisen anzwousch anescht ginn, op de Besoin vun enger europäescher Legislatioun verwisen.

Déi läit elo um Dësch a muss dann, wa se sech d'EU-Institutiounen eens driwwer sinn, och am Grand Duché ëmgesat ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.