De LISER-Fuerscher Frédéric Durand ass iwwerrascht doriwwer, datt an der Lëtzebuerger Haaptstad méi Männer wéi Frae liewen: 5.000 fir genee ze sinn. An de meeschten europäesche Metropole wier et éischter ëmgedréint. Dat kéint virun allem mat der berufflecher Situatioun vun de Stater Residanten ze dinn hunn.
"Plus de la moitié des salairés-résidents de Luxembourg-ville travaille dans le Secteur K, c'est le secteur des banques, de la finance, des assurances, et ce genre de chose."
Et ginn also méi Männer wéi Fraen an der Stad Lëtzebuerg, a se verdéngen och méi wéi d'Fraen.
"C'est à la fin du mois les salariés-femmes touchent 1000 euros de moins que les salariés-hommes. Qu'elles travaillent plus ou moins."
Lampertsbierg a Belair viru Bouneweg a Gaasperech
Déi däitsch Residanten an der Stad, vun deenen e groussen Deel am Finanz- an Assurancësecteur schafft, verdéngen am meeschten, mat am Duerchschnëtt iwwer 8.000 Euro de Mount. Am Verglach: De Salaire vun de portugiseschen Awunner läit an der Moyenne bei 2.000 Euro. D'Lëtzebuerger leien op der véierter Plaz hannert de Fransousen an de Belsch. Déi Inegalitéiten hunn ouni Iwwerraschung och en Impakt op d'Stater Quartieren. D'Populatioun aus de Quartiere Lampertsbierg a Belair verdéngen an der Moyenne méi, wéi Leit aus de Quartiere Bouneweg a Gaasperech, sou de Fuerscher Frédéric Durand.
11.000 "working poor"
Vun de Ronn 50.000 aktive Residante leien der ronn 11.000 ënnert der Aarmutsgrenz. Déi sougenannt "working poor" maachen e bësse méi ewéi 22 Prozent vun der aktiver Populatioun an der Haaptstad aus. Déi europäesch Beamte géifen hei net mat agerechent ginn, betount nach de Fréderic Durand.