Radioen

On air

Resonanzen  |  'many people don't even know it exists'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Liewensmëttelpräisser sinn enorm an d'Luucht gaangen"

Hongersnout a Syrien

"Liewensmëttelpräisser sinn enorm an d'Luucht gaangen"

D'Coronapandemie dominéiert den Ament d'Noriichten op der ganzer Welt. Eng riseg humanitär Kris, déi sech hanner hir ëmmer méi zouspëtzt, ass d'Hongersnout a Länner wéi dem Yemen oder Syrien. Besonnesch Fraen a Kanner si vun dëser Hongersnout betraff, heescht et an engem rezente Rapport vun der Hëllefsorganisatioun CARE.

auto_stories

4 min

De Frédéric Haupert ass Direkter vu CARE Lëtzebuerg. Foto: Archiv.

An déi wier mëttlerweil katastrophal, seet de Frédéric Haupert. Den Ament géif et eng Iwwerlappung vun enger ganzer Rei Facteure ginn, déi zu dëser akuter Lag gefouert hunn: Naturkatastrophen an Iwwerschwemmungen a Refugiécampen am Nordoste vu Syrien, politesch Sanktiounen, Währungsverloscht vum syresche Pond an eng massiv Erhéijung vun de Liewensmëttelpräisser.

"Wann ee vergläicht, wat d'Ernierung kascht huet am 5-Joresschnëtt virun der Kris an elo si mer bei enger Multiplikatioun vun 30 an dat iwwer zéng Joer. Mir hunn eleng am leschte Joer eng Präissteigerung missen observéiere vun 236 Prozent op de Biens de premières nécessités, also dat wat ee brauch fir ze iwwerliewen, Iessen an esou weider. Awer och eng Verdueblung vum Bensinspräis op déi lescht sechs Méint gekuckt. Dat sinn natierlech Facteuren déi, ganz brutal gesot, dozou féieren, datt d'Leit näischt méi ze iessen hunn, well si et net méi kënne kafen."

Wéineg Méiglechkeeten fir gutt bezuelten Aarbecht

An dësen Aarmutstaux betrëfft ronn 80 Prozent vun der syrescher Populatioun. Am rezente Rapport vun der Hëllefsorganisatioun CARE "If we don't work we don't eat", deen am Februar dëst Joer verëffentlecht gouf, heescht et, datt besonnesch Fraen a Kanner ënner der Hongersnout leiden. An ëmmer méi Famille wiere d'Fraen eleng oder primär responsabel, hir Famill ze ernären, esou den Direkter vu CARE Lëtzebuerg.

"Dat heescht, datt Männer am Krich gefall, datt se verschleppt goufen, datt si geflücht sinn, datt si probéieren op engem anere Wee hir Famill ze ernären. An der Konsequenz awer hir Famill eleng loossen. Et goufen nach ni esou vill Stéit, déi vu Fraen, déi geschafft hunn, erniert ginn an et goufen nach ni esou vill Fraen, déi eleng responsabel waren, fir hir Famill ze ernieren."

Fraen, déi eleng déi ganz Fleegeaarbecht mussen iwwerhuelen an dobäi nach Sue verdéngen, déi d'Famill dréngend brauch, dat ass immens schwiereg an engem Konfliktsetting, wou si net vill Méiglechkeeten hunn, gutt bezuelten Aarbecht ze fannen.

"Dat bréngt séier eng Famill un de Rand a suergt an alleréischter Linn dofir, datt Kanner ënnererniert sinn, datt si eng Entwécklungsstéierung hunn an eng chronesch Ënnerernärung entsteet."

Ënnerstëtzung géint Traumata

Aktuell hëlleft CARE Lëtzebuerg virun allem traumatiséierte Kanner an hiren Elteren a Refugiécampen an der ganzer Regioun, déi Problemer hunn an enger laangfristeger Phase mat der Kris eens ze ginn. D'Organisatioun ass den Haaptpartner vun engem Camp no un der Grenz mat Jordanien. D'Situatioun vun de Kanner an de Campen hätt sech iwwer déi lescht sechs Joer verännert, esou de Frédéric Haupert, Direkter vu CARE Lëtzebuerg.

"Am Ufank waren et Kanner, déi ënner dem Afloss vu Bommenattacken an der Regioun ukomm sinn, déi schwéier traumatiséiert waren, déi net geschwat hunn, déi d'Hoer verluer hunn, déi op eng ganz dramatesch Aart a Weis fir hiert Liewe gezeechent gi sinn. Déi sinn elo awer och fënnef Joer méi al ginn a schleefen nach ëmmer hir Traumata mat ronderëm an hu grouss Problemer sech, net nëmmen an engem Alldag vun engem Camp, wat schonn eleng frustrant ass, zurecht ze fannen, mee och hir Zukunft ze plangen."

Dat wier ee vun den Haaptsujeten, déi ee géif attackéieren: Formatiounen an Traininge mat Psychologen, fir mat Frustratiounen eens ze ginn.

Awer och Eltere sollen hei kënne léiere mat der eegener Frustratioun an där vun hire Kanner eens ze ginn. Donieft kréie Kanner Sportscoursen ugebueden, fir hinnen nees méi Vertrauen a sech selwer ze ginn an awer och e Ventil unzebidden, de Frust erauszeloossen.

"Grad fir Meedercher, déi bei eis Karate léieren, wat hinne vill méi Kraaft a Selbstbewosstsinn gëtt, fir mat der Welt vu muer eens ze ginn."

Krisen, déi net méi um Radar sinn

De Frédéric Haupert seet, datt mir virun engem Joer stinn, wou esou vill humanitär Hëllef gebraucht gëtt, wéi nach ni virdrun. 235 Millioune Mënsche sinn dëst Joer op humanitär Hëllef ugewisen.

"Dat ass ee Mënsch vun 33 op der Welt. Nach ni waren et op der Welt esou vill Mënschen, déi dréngend Hëllef gebraucht hunn. A grad a Krisen, wéi a Syrien, wéi am Jemen an a villen 'Protracted crises', also Krisen, déi scho méi laang undaueren an net méi onbedéngt um Radar vu privaten Donateuren, Entreprisen a Regierunge sinn, grad do brauche mir ganz dréngend Hëllef."

An déi kann ee virun allem a Form vun Done ginn.

"Mir hunn als Prinzip, datt mir all Hëllef op der Plaz akafen a mat lokale Mataarbechter op der Plaz ëmsetzen. Dat stäerkt d'Wirtschaft. Wann d'Hëllef einfach komplett importéiert gëtt, schwäche mir éischter d'Wirtschaft, wéi wa mir do eppes Guddes dinn."

seet de Frédéric Haupert, deen zënter 12 Joer Direkter vu CARE Lëtzebuerg ass. Fir d'Hëllefsorganisatioun schaffen hei am Land sechs Persounen.