Ekonomie Arcelor Mittal wëllt Wierk u Liberty House verkafen

ArcelorMittal wëllt säi Wierk zu Diddeleng u Liberty House verkafen, deelt de Stolkonzern de Moien (2.11.) mat. OGBL an LCGB zweiwelen drun, datt de britesche Finanzgrupp déi néideg Investitioune wäert maachen, fir dem Site laangfristeg eng Zukunft ze ginn. Béid Gewerkschafte fuerderen d'EU-Kommissioun dowéinst op, der Transaktioun net zouzestëmmen.

Pia Oppel / cz

Flaachstol Fabrick
Foto: Picture Alliance / imageBROKER

ArcelorMittal muss aus konkurrenzrechtleche Grënn Produktiounssitte verkafen, fir amplaz dierfen den italienesche Stolkonzern ILVA ze iwwerhuelen. De Choix ass op sechs Sitten an der Belsch, Italien, Tschechien, Rumänien, Mazedonien a Lëtzebuerg gefall.

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider gesäit elo Gespréichsbedarf: Hie géif Liberty House net gutt kennen. Bannen den nächsten Deeg géif hie Vertrieder vum Grupp treffen, fir iwwer déi geplangten Iwwernam ze schwätzen. D'Konditiounen, déi d'Lëtzebuerger Regierung gestallt huet, wieren awer all erfëllt. De Site misst erhale bleiwen, d'Leit missten hir Aarbecht behalen an de Kollektivvertrag weider gëllen.

De Mëtteg ass am Wierk zu Diddeleng eng Entrevue tëschent der Direktioun an de Personalvertrieder fir iwwer dee geplangte Verkaf u Liberty House ze schwätzen.

Zu Diddeleng produzéieren eng 300 Salariéë galvaniséierte Flaachstol fir den Automobilsecteur.


Interview Etienne Schneider

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen