Radioen

On air

9 bis 1  |  Lucy Dacus - Ankles

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Liberté - Fräiheet wëll mat véier komplette Lëschten untrieden

Chamberwalen

Liberté - Fräiheet wëll mat véier komplette Lëschten untrieden

De fréieren ADR-Politiker Roy Reding weist sech iwwerzeegt, 60 Kandidaten zesummen ze kréie fir mat véier komplette Lëschte vu senger Beweegung Liberté - Fräiheet bei de Chamberwalen unzetrieden. Am Norden an Oste wieren d'Kandidatelëschte scho komplett, an déi am Zentrum wier quasi komplett. Am Süde géif een "nach e wéineg kämpfen", mee dat kréich een hin, esou den Deputéierten.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Roy Reding hat scho Mëtt Juli ugekënnegt, datt seng nei Beweegung den 8. Oktober mat an d'Wale geet.

An der Tëschenzäit huet hien eng Rei vu senge Kandidaten op Facebook presentéiert. Impfgéigner wieren déi allerwéinegst vun de Kandidate vun der neier Beweegung. Allerdéngs mengt hien, datt deemools déi meescht Leit géingt d'Mesurë gewiescht wieren, déi geholl goufen.

"Eise Mouvement heescht jo Fräiheet, an dozou gehéiert dann och Meenungsfräiheet, datt d'Leit net un de Pranger gestallt ginn, datt d'Leit net hir Aarbecht onméiglech gemaach kréien, datt d'Leit kënne fräi decidéieren, wéi si mat hirem Kierper ëmginn, datt et Beweegungsfräiheet gëtt, datt een net ee Couvre-feu huet."

Deemno ass de Roy Reding der Meenung, datt sämtlech Kandidaten ënnerschreiwe géifen, datt si géint esou Mesurë sinn.

Haaptsaach Fräiheet

De Roy Reding seet och, datt vill vu senge Kandidate bei der Beweegung 'Mir d'Vollek' mat gemaach hätten: dëse Mouvement vum Jean-Marie Jacoby hat jo ee Freideg ugekënnegt, net selwer bei de Chamberwalen unzetrieden.

De Manifest vu Liberté - Fräiheet wier iwwerdeems gläichzäiteg de Programm vun der neier Beweegung.

"D'Fräiheet am Choix bei allem, net nëmme wat d'Gesondheet ugeet, oder de Kierper ugeet. Mee och wat de Beruff ugeet... egal, Fräiheet."

Mat senger Beweegung géif et him net dorëms goen, senger fréierer Partei ADR ze schueden, behaapt de Roy Reding. Dat géif him awer elo ënnerstallt ginn. Dëst wier awer eng "topesch Ënnerstellung", seet de fréieren ADR-Member.

"Konkurrenz belebt das Geschäft"

Dem Roy Reding säi Schrack wier eng "Zersplitterung vun der politescher Landschaft", déi d'Impfskeptiker géif marginaliséieren, amplaz se anzebannen, hat den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser op Facebook ënner anerem kritiséiert. Dëst wonnert de Roy Reding wéineg.

"Datt et Leit gëtt, déi net frou si wa Konkurrenz opkënnt, dat ass esou. Ech soe jo ëmmer: Konkurrenz belebt das Geschäft."

Iwwerdeems hofft de Roy Reding, datt seng nei Beweegung Liberté - Fräiheet bei de Chamberwale gutt genuch ofschneit, fir eng finanziell staatlech Ënnerstëtzung ze kréien.

Generell ass bis den 9. August owes um sechs Auer Zäit fir Kandidatelëschte fir d'Chamberwalen ze deposéieren.