Radioen

On air

Notturno  |  Jennifer Loveless - Muzik

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LGBT+: Lëtzebuerg ënnerstëtzt Klo géint Ungarn

LGBT+

LGBT+: Lëtzebuerg ënnerstëtzt Klo géint Ungarn

Zanter Ufank der Woch ass et offiziell: D'EU-Kommissioun geet virum europäesche Geriichtshaff géint Ungarn fir. Lëtzebuerg wëllt d'Demarche ënnerstëtzen, déi sech fir d'LGBT+ Rechter asetzen.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow

D'EU-Kommissioun geet virum europäesche Geriichtshaff géint Ungarn fir. Et geet dobäi ëm een ungarescht Gesetz, dat et verbitt Inhalter iwwer Homosexualitéit an d'Ännerung vum Geschlecht ënner Mineuren ze verbreeden. D'Kommissioun ass der Meenung, datt dat Gesetz net am Aklang mat europäeschem Recht ass.

Och Belsch an Holland sécheren Ënnerstëtzung zou

Lëtzebuerg wëllt Demarche vun der EU-Kommissioun nämlech ënnerstëtzen, dat gouf vum Ausseministère confirméiert. Och d'Belsch an Holland hunn hir Ënnerstëtzung schonn zougeséchert. De Vincent Reillon vun der ONG Forbidden Colours hofft, datt och nach eng ganz Réi aner Länner dat wäerte maachen.

Hie betount, fir datt méiglechst vill Staaten dat selwecht maachen, huet Forbidden Colours zesumme mat zwou aneren ONGen, déi sech fir d'Rechter vun der LGBT+Communautéit asetzen, eng Petitioun lancéiert, mat der d'Bierger aus den EU-Länner hir Regierunge kënnen opfuerderen, sech hannert Kommissioun ze stellen. Mat engem Urteel vum europäesche Geriichtshaff rechnen d'Aktivisten awer eréischt an zwee Joer.