Radioen

On air

Tockcity  |  Magic City Hippies - Lonely People

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Walkampf a Brasilien

Chamberwalen

Lëtzebuerger Walkampf a Brasilien

D'Vertrieder vu fënnef politesche Parteien aus dem Grand-Duché si bis op Florianopolis geflu fir d'Lëtzebuerger Staatsbierger:Innen a Brasilien iwwer d'Chamberwalen ze informéieren. Dat suergt den Ament fir vill Diskussioun. Fir d'Association des citoyens luxembourgeois du Brésil, déi dëst Treffen organiséiert huet, war et keng Optioun dat iwwer Distanz ze maachen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Eng 500 vun alles an allem 25.000 Lëtzebuerger:innen a Brasilien hätten Deels laang Trajete mam Bus, Auto oder Fliger op sech geholl fir sech zu Santa-Catarina mat de Vertrieder:inne vun déi Gréng, CSV, LSAP, de Piraten an der ADR auszetauschen, seet d'Vizepresidentin vun der AcLux.

En Treffen iwwer Distanz war keng Optioun

Datt déi fënnef Parteien, déi op der Plaz waren, sech bei de potentielle Wieler a Brasilien en Avantage verschaf hunn, schléisst d'Roberta Züge net aus.

Si erkläert, datt fir Brasilianer:innen, den direkte Kontakt immens wichteg wier.

"Les gens là-bas veulent prendre des photos avec les Luxembourgeois, veulent parler, veulent toucher."

Parteie wollten en Echange iwwer Visio

D'Parteien hätten an engem Meeting ofgemaach net bis a Brasilien ze reesen, mee den Echange iwwer Visio ze maachen, sot eng anonym Source géigeniwwer dem Lëtzebuerger Wort.

Dëst Ofkommes hätt de Sven Clement gebrach, andeems en op eege Fauscht säin Ticket fir op Florianopolis gebucht hätt. "Quatsch", mengt dozou de Sven Clement. Hien hätt éischter empfonnt, datt aner Parteien Drock gemaach hätten net ze goen.

"A komescherweis no deem Meeting, wéi mir gesot hu, "Mir ginn.", si se jo alleguerten dunn awer mol ganz séier an d 'Fligere geklommen."

Leit sinn immens houfreg vu Lëtzebuerg ze sinn

Mat dobäi war d'CSV-Europadeputéiert Isabelle Wiseler-Lima. Si argumentéiert, datt een dat Gefill, wat een do erlieft huet, net iwwer Distanz hätt kënnen erliewen. D'Leit a Brasilien, wieren immens houfreg, Lëtzebuerger:innen ze sinn.

D'Isabel Wiseler-Lima huet confirméiert net wëlle fir d'Chamberwahlen am Oktober ze kandidéieren. Si hätt d'CSV wärend der Brasilie-Rees representéiert, well si déi eenzeg am Nationalcomité wier déi Portugisesch schwätzt.