Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuergesch Hëllef an der Tierkei geet op een Enn

Nom Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien

Lëtzebuergesch Hëllef an der Tierkei geet op een Enn

Den Ament sinn nach zwee Lëtzebuerger Pompjeeën op der Plaz fir ee Kommunikatiounszentrum mat opzeriichten. D'Humanitär Missioun vu Lëtzebuerg am Äerdbiewegebitt an der Tierkei geet awer an zwou Wochen op een Enn. Dat seet den Tom de Waha, stellvertriedende Chef vum Humanitarian Intervention Team vum CGDIS.

auto_stories

3 min

Am Zentrum vun der tierkescher Stad Antakya an der Provënz Hatay steet guer näischt méi. Dat seet de Guy Wagener. Hie setzt zesumme mam Paul Hilbert fir ee Video-Call zu Hatay op engem futtisse Pompjeesauto.

Si sinn déi zweet Equippe, déi vum Humanitären Interventiouns Team vum CGDIS an d'Tierkei geschéckt goufen. Ronderëm ass Kilometer wäit net méi vill, wat openee stoe bliwwen ass, esou de Guy Wagener. De Rescht wier zum Gros baufälleg.

Eng Container-Stad opriichten als Missioun

Déi zwee Männer, déi nach am Äerdbiewegebitt sinn, hunn eng kloer Missioun, erkläert de Paul Hilbert.

"Mir krute vun Dänemark Container. Do krute mir Wunnenge geliwwert, déi mir lo déi lescht Deeg opgebaut hunn an den Interieur gemaach hunn. Sou datt et lo zum Schluss soll een Heavy-Base-Camp sinn. Dat heescht eng kleng Container-Stad."

Den Ament sinn se eng Equippe vu siwe Leit: Et sinn nach zwee Norweger an dräi Dänen do. Zesumme sollen si zwielef Container opriichten. Dës Container-Stad ass awer net fir d'Affer vum Äerdbiewe geduecht, seet de Guy Wagener.

Eigentlech ass et ee Koordinatiounszentrum fir d'UNO, den internationalen Organisatiounen an den ONG'en. Aufgaben a Prioritéite ginn an deem Camp verdeelt oder festgeluecht.

Déi zwee Lëtzebuerger si virun enger gudder Woch an der Provënz Hatay an der Tierkei ukomm. Do war d'Camp nach eng Zelt-Stad. Wéinst Komplikatioune konnte si awer net direkt mat hiren eigentlechen Aufgaben am Camp ufänken, erkläert de Guy Wagener:

"Et ass ee relativ heftege Stuerm opkomm, sou datt dat Zelt-Lazarett wat niewendrun opgeriicht war, datt do Zelter fortgeflu sinn."

Sou gouf de ganzen Dag probéiert, dat Zelt-Lazarett nees ze securiséieren, iert an enger zweeter Phas déi nei Zelter konnten opgeriicht ginn.

Nach fir zwou Wochen op der Plaz

Nach fir knapps zwou Woche sinn de Guy Wagener an de Paul Hilbert zu Hatay. Duerno ass net virgesinn, datt nach eng Equipe aus Lëtzebuerg sollt nokommen, erkläert den Tom de Waha vum Interventiounsteam. D'Situatioun hätt changéiert.

"Et gëtt méi Wäert drop geluecht op Saachen, déi méi à long terme musse geschéien. Den Accueil vun de Leit, déi alles verluer hunn. Sou datt eis Missioun warscheinlech Enn des Mounts zu Enn geet."

Bis dohi schaffen de Guy Wagener an de Paul Hilbert zesumme mam Rescht vum Team dorun, d'Container bewunnbar ze maachen. Konkret heescht dat, se mat Schlofméiglechkeeten, Kichen a sanitären Anlagen anzeriichten.