Radioen

On air

Tockcity  |  High Vis - Guided Tour

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Moi je veux voter et je veux faire partie de cette société"

Gesellschaft

"Moi je veux voter et je veux faire partie de cette société"

A Brasilie ginn et vill potenziell Lëtzebuerger Wieler fir d'Chamberwalen am Oktober. De Weekend waren dowéinst souguer Vertrieder vu ville politesche Parteien aus dem Grand-Duché op Santa Catarina geflunn, fir sech mat de Lëtzebuerger op der Plaz auszetauschen. Eleng d'lescht Joer sinn der Associatioun AcLux no 3.000 Persounen a Brasilie Lëtzebuerger ginn.

auto_stories

3 min

Déi brasilianesch Associatioun geet dovunner aus, datt haut ronn 25.000 Persoune mat Lëtzebuerger Nationalitéit a Brasilie liewen. 25.000 potentiell Wieler, déi et sechs Méint virun de Chamberwalen ze iwwerzeege gëllt sech anzeschreiwe fir kënne wielen ze goen.

Méi wéi just potenziell Wieler

Fir d'Roberta Züge, Vizepresidentin vun der AcLux, ass et beim Austausch zu Santa-Catarina awer nach em vill méi gaangen.

"Je crois que la différence c'est pour améliorer la relation, et ça, je suis sûre qu'ils ont changé beaucoup après ce voyage."

Si ass iwwerzeegt, datt se vu ville Leit, déi op Santa Catarina gaange sinn, d'Meenung konnten änneren.

D'Roberta Züge, déi a Brasilie gebuer ass, ass viru gutt zwee Joer op Wonsch vun hirer Duechter Fernanda ob Lëtzebuerg komm. Hir béid Grousseltere sinn zu Lëtzebuerg gebuer. Haut huet si déi Duebel-Nationalitéit.

Start Schwieregkeeten zu Lëtzebuerg

Déi éischt Zäit zu Lëtzebuerg wier awer alles ewéi einfach gewiescht, dëst och bedéngt duerch d'Pandemie.

D'Roberta Züge erkläert, datt si an hir Duechter net un Integratiounsprogrammer konnten deelhuelen, well si Lëtzebuergerinne sinn. Där géif et der nämlech ganz vill ginn, fir Auslänner.

Dat huet och déi fréier Asti-Presidentin Laura Zuccoli virun zwee Méint bei eis op der Antenn kritiséiert. Wann déi fréier Brasilianer bis déi lëtzebuergesch Nationalitéit hätten, dann hätte si zu Lëtzebuerg keen Urecht méi op Mesurë fir sech hei anzeliewen. Dobäi wiere se grad esou friem a verluer hei wéi vill aner Auslänner, déi heihinner géife liewe kommen, esou d'Laura Zuccoli.

Besser Bildungschancen

Trotz deene Contraintë war sech der Roberta Züge hir Duechter scho mat 13 Joer sécher, datt si wéilt op Lëtzebuerg kommen. Hei hätt si besser Ausbildung-Chancen, seet d'Fernanda Züge. Déi hätt se a Brasilien net gehat.

Déi 17-Joer jonk Schülerin geet dëst Joer fir eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg wielen. Fir d'Fernanda Züge e wichtegen Dag. Hir Mamm ass vill politesch engagéiert an dat inspiréiert d'Fernanda Züge.

"Moi je veux voter et je veux faire partie de cette société", ënnersträicht d'Fernanda Züge.