Lëtzebuergesch wier d'Léier- an Integratiounssprooch am méisproochegen Educatiounssystem, do waren d'Experte Flore Schank, d'Simone Bleser an d'Maisy Gorza sech eens.
Lëtzebuergesch an der Grondschoul
Eng gemeinsam Sprooch géif bei de Kanner och séier hir staark Sprooch ginn. 2019 hätte just nach 34 Prozent vun de Kanner an der Grondschoul Lëtzebuergesch als Mammesprooch gehat, seet d'Flore Schank: Lëtzebuergesch wier dofir net d'Alldagssprooch fir vill Schüler.
D'Majoritéit vun den Enseignanten dogéint wiere Lëtzebuergesch Mammesproochler. Dowéinst misst vill um Bewosstsinn vun den Enseignantë geschafft ginn, a wéi enger Form vun der Sprooch géing benotzt ginn a wou hir Kompetenzen am beschten zum Asaz kommen.
Lëtzebuergesch am Lycée
Am Lycée soll d'Lëtzebuergesch an Zukunft och u Presenz gewannen.
Vum nächste Joer u soll och am Lycée Michel Rodange ee Pilotprojet fir d'Sektioun A lafen, esou d'Shari Schentgen: nieft Italienesch a Spuenesch kënnen d'Schüler och Lëtzebuergesch als zousätzlech Sprooch wielen.
An den internationale Schoulen, wéi zum Beispill zu Déifferdeng an Esch, wou d'Simone Bleser ënnerriicht, gi Coursë wéi Sport a Musek op Lëtzebuergesch gehalen. De Prinzip an de Klasse wier, datt ee vun deem anere soll léieren. Dat géif sech jo och an der Zesummesetzung vun hire Klassen erëmspigelen, wou Mammesproochler mat Schüler gemëscht ginn, déi nach keen Accès zum Lëtzebuergeschen haten.
Duerch déi weider Coursë géif och d'Nofro fir pedagogescht Material wuessen: bis ewell géif et awer nach ee Manktem u Léiermaterial fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch ze léieren.
Och bei den Erwuessene géif et eng erhéichten Nofro fir Lëtzebuergesch Coursë ginn: dëst besonnesch bei Leit, déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit wéilten unhuelen oder op Aarbechtssich wieren.
D'Invitéeë fir d'Diskussiounsronn waren:
- Flore Schank, institutrice-attachée, éducation plurilingue et interculturelle; pédagogie et didactique des apprentissages, Service de l'enseignement fondamental du ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse;
- Simone Bleser, Lëtzebuergesch-Professesch, École Internationale de Differdange & Esch-sur-Alzette;
- Maisy Gorza, Direktesch f.f. vum Institut national des langues;
- Shari Schenten, Professesch, Presidentin vun der Programmkommissioun vum Lëtzebuergeschen am Enseignement secondaire;
- Moderatioun: 100,7.