De Sproochenenseignement muss reforméiert ginn, well en ze vill Kanner ze fréi mam Léiere vun dräi Friemsproochen iwwerfuerdert, fënnt de Fernand Fehlen. Hie behaapt, datt den eenzege Wee fir doraus ze kommen iwwer d'Eliminatioun vum fundamentalen Däitsche féiert.
Eng radikal Propose
D'Däitsch ass aktuell déi wichtegst Unterrechtssprooch an der Grondschoul. Wien an den éischte Joren un där Sprooch scheitert, huet dacks ee schwierege Schoulparcours. An engems ass Däitsch déi Sprooch, déi een zu Lëtzebuerg am Alldag am mannste kann notzen, argumentéiert de Fernand Fehlen.
De Soziolog hält et fir méi sënnvoll amplaz d'Integratiounssprooch Lëtzebuergesch opzewäerten, déi bis elo net formell enseignéiert gëtt. Dat kéim de Kanner ze gutt, déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen:
"Mais par les recherches d'université on sait que la maîtrise du Luxembourgeois détermine leur réussite. Donc pour cela, la langue est un chausse-trape."
Lëtzebuergesch als Haaptunterrechtssproch?
De Fernand Fehlen ass iwwerzeegt, datt d'Lëtzebuerger Sprooch mëttlerweil wäit genuch entwéckelt ass an och nach weider kann ausgebaut ginn, fir als Haaptunterrechtssprooch an der Grondschoul ze nëtzen:
"L'alphabétisation en Luxembourgeois c'est bien-sûre un raccourci, mais c'est la direction".
Wichteg Friemsprooche wieren hei am Land Englesch a Franséisch, esou de Fernand Fehlen. An och Däitsch kéint een am Lycée nach léieren, seng Intentioun wier et net fir déi Sprooch ganz aus dem Schoulsystem eraus ze huelen. Den Educatiounsminister Claude Meisch ass mat der Iddi, datt d'Lëtzebuergescht an der Grondschoul d'Haaptunterrechtssprooch
kéint ginn net averstanen. Däitsch a Franséisch sollten hir Plaz behalen, an d'Lëtzebuergescht och. Hie seet, datt d'Lëtzebuergescht méi geschwat géif ginn, mee och spéiderhi fir deen, deen et schreiwe wéilt a méi an d'Lëtzebuerger Literatur era klamme wéilt.
Opwäertung vum Lëtzebuergeschen
Déi ëffentlech international Schoulen an de Pilotprojet fir d'Alphabetisatioun op Franséisch si fir de Claude Meisch déi besser Äntwert op d'Schwieregkeeten, déi vill Schoulkanner mam Däitschen hunn.
Aus dem Publikum koume gemëschte Reaktiounen op d'Iddi vun enger Opwäertung vum Lëtzebuergeschen an der Grondschoul, manner Sproochenhürden jo, mee net op Käschte vun der traditioneller Dräisproochegkeet, sou eng heefeg Remark.
Organiséiert war den Debat vun der 2021 gegrënntener Asbl "Plattform fir Immigratioun an Integratioun".