Ukrain-Konflikt Lëtzebuerger zu Kiew: Oniwwersiichtlech Situatioun

Op der Plaz gëtt d'Situatioun als oniwwersiichtlech erlieft, seet eis ee Lëtzebuerger, deen zu Kiew wunnt. D'Onsécherheet wier grouss, sou den Daniel Porcedda. Hien hält sech den Ament mat senger Famill a senger Wunneng op.

ckl / cz

Vue op Kiew Daniel Porcedda
Foto: Daniel Porcedda

Gëschter ware si dee Raum kucke wou si sech, dem Kiewer Buergermeeschter no, solle verschanzen, wann et an hirem Bezierk zu engem Fligeralarm kënnt. Dat wier eng "Ernüchterung" gewiescht, sou den Daniel Porcedda.

Dat Gebai wier eng kleng Schoul vun engem oder zwee Stäck gewiescht an déi am Eeschtfall just Fraen a Kanner era gelooss géife ginn. "Wat fatal ass, well an deem Bezierk wou mir hei wunnen, liewe puer dausend Leit", sou den Daniel Porcedda.

Lauschteren

Do wou hie mat senger Famill wunnt géif een zwar ëmmer erëm Explosiounen héieren, mee et géif een näischt dovu gesinn.

Hien hat mat senger Famill decidéiert op der Plaz ze bleiwen: fortzegoen wier aktuell méi geféierlech, sou seng Aschätzung.

Méi zum Thema

Ukrainesch Verdeedegung un der Grenz zu Russland
Militärkonflikt

Déi éischt russesch Zaldote sinn an der ukrainescher Haaptstad Kiew, sou den ukrainesche Verteidegungsministère. Déi russesch Unitéite wieren am Norde vu Kiew, schreift de Ministère weider.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen