arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lëtzebuerger Staat verkeeft seng Parten u Paul Wurth

Wirtschaft

|
reading time

1 min

De Lëtzebuerger Staat verkeeft seng Parten u Paul Wurth

De Lëtzebuerger Staat verkeeft seng 40 Prozent Participatioun un der Lëtzebuerger Produktiounsentreprise Paul Wurth, dat huet wort.lu de Mëtteg gemellt.

reading time

1 min

play_arrow Lauschtert de ganze Bäitrag vum Jacques Ganser

D'Vente wier op Demande vum Haaptaktionär geschitt, heescht et aus dem Wirtschaftsministère. Den däitschen SMS Grupp hat 2012 d'Majoritéit u Paul Wurth iwwerholl. Den däitschen Maschinneproduzent fir d'Metallindustrie stëcht wéinst den Iwwerkapazitéiten am Stolberäich an der Corona Kris selwer a schlechten Dicher a wëll sech restrukturéieren. Laut OGBL giff et fir di ronn 450 Aarbechtsplaatzen zu Lëtzebuerg Garantie gin, d'Aktivitéiten hei am Land sollen sech künfteg op d'Notze vu Waasserstoff fir d'Stolindustrie fokusséieren.