Et géif een effektiv scho ganz laang gesinn, datt an der Lëtzebuerger Populatioun de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen héich gehale gëtt, seet d'Melanie Wagner. D'Lëtzebuerger Sprooch géif och dacks benotzt ginn, fir verschidden Argumenter ze formuléieren, déi kënnen nationalistesch ausgeluecht ginn. "Woubäi dat awer net onbedéngt richteg ass, well nieft dem Lëtzebuergeschen awer trotzdeem zu Lëtzebuerg, d'Méisproochegkeet och historesch gewuess ass", sou d'Soziolinguistin vun der Uni Lëtzebuerg. D'Lëtzebuergescht wier zwar Deel vun der Lëtzebuerger Identitéit, wier awer net deen eenzegen Deel vun der Lëtzebuerger Identitéit.
Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch an neien Zentrum
Dat neit Gesetz géif, hirer Meenung no och e Mehrwert mat sech bréngen, well vill Mesuren "op de Plang bruecht ginn, déi elo mol eng Kéier néier geschriwwe ginn". Vill Mesurë wieren zwar net nei, si géifen esou awer vill méi visibel ginn. Si wënscht sech awer, datt vun deem Projet profitéiert gëtt, fir d'Lëtzebuerger Sprooch weider ze stäerken.
Mam neie Gesetz gëtt de gesetzleche Kader fir e sougenannte Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch a fir den neien Zentrum fir d'Lëtzebuergescht geschaaft. Donieft kritt den neie Conseil permanent de la langue luxembourgeoise nei Kompetenzen. D'Melanie Wagner schwätzt vun enger Iwwerkomplexitéit vun den Institutiounen.
Keng kloer Kompetenzopdeelung?
Et wier problematesch, datt am Moment net kloer wier, wat déi eenzel verschidde Kompetenzberäicher vun de verschiddenen Institutioune wieren. Si freet sech, ob et net zu Iwwerschneidunge komme kéint. D'Soziolinguistin fuerdert eng kloer Rollenopdeelung fir Iwwerschneidungen ze evitéieren, wat fir eng Beräicher vu wat fir enger Institutioun ofgedeckt solle ginn, fir datt et net zu double Emploie kënnt.