Radioen

On air

De Moien  |  Emily Grogan - The Other Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Sprooch: de Schlëssel zur Lëtzebuerger Nationalitéit?

Fräie Mikro

Lëtzebuerger Sprooch: de Schlëssel zur Lëtzebuerger Nationalitéit?

Zanter Jore ginn déi meeschte Leit Lëtzebuerger ouni e Sproochentest mussen ze maachen. Novollzéibar Grënn, firwat déi eng weider domadder kujenéiert, an déi aner dovunner dispenséiert ginn, gëtt et keng, mengt d'Laura Zuccoli vun der ASTI.

auto_stories

3 min

D'Laura war laangjäreg Presidentin vun der ASTI. Foto: Archiv

2021 si 6.800 Persoune Lëtzebuerger ginn. Dat waren der iwwer 4.000 manner ewéi virun der Pandemie an 2.600 manner ewéi 2020. Zwee Drëttel dovunner goufe Lëtzebuerger iwwer Optioun: eng Méiglechkeet, déi haaptsächlech Familljen a Mannerjäregen opsteet, a wou dacks kee Sproochentest verlaangt gëtt, well d'Elteren oder d'Grousseltere scho Lëtzebuerger gi sinn.

Bei engem Flüchtling oder enger bestueter Koppel, wou den Ehepartner och wëllt Lëtzebuerger ginn, gëtt de Sproochentest awer verlaangt.

15.200 Leit kruten an de leschten dräi Joer iwwer de Recouvrement automatesch déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Am Ganze goufen zanter 2008, wou dëst Gesetz gestëmmt gouf, 47.000 Demande fir e Recouvrement an de Ministère de la Justice agereecht, knapp d'Hallschent dovunner vu Fransousen a Belsch, mee och, ënner anerem, vu 5.200 Brasilianer oder 2.500 Amerikaner.

Den Ament stinn nach ronn een Drëttel vun alle bis elo agereechten Demanden op, well d'Leit wéinst der Pandemie net konnten op Lëtzebuerg areesen an hiren Dossier validéieren. Den Delai gouf dofir bis den 31. Dezember dëst Joer verlängert.

Beim Recouvrement gëtt weder e Sproochentest verlaangt, nach eng Residenz, eng Aarbecht oder soss iergend eng Verbindung mat Lëtzebuerg, ausser datt den Demandeur muss noweisen, datt e virun 1900 e Virfahren hat, dee Lëtzebuerger war.

Erstaunlech. E portugiseschen Aarbechter huet no fënnef Joer Residenz Urecht op Naturaliséierung, wann hien de Sproochentest packt, soss muss hien 20 Joer waarden, bis en ouni Sproochentest Lëtzebuerger ka ginn. Eng flagrant Diskriminéierung.

D'Offer gëtt der Nofro net gerecht

Statistike beweisen et: et feelt net um Wëllen, fir eis Sprooch ze léiere, mee ganz dacks un enger Offer, déi de soziokulturellen Hannergrënn, den Disponibilitéiten an de Bedürfnisser vun den Demandeure gerecht gëtt a virun allem och quantitativ der Nofro entsprécht.

Sou packen am Schnëtt 90 Prozent vun den däitsche Kandidaten de Sproochentest, mee den Taux de Reussite fält op 50 Prozent a manner bei Nationalitéiten aus dem Balkan, dem Iran, dem Marokko oder dem Kamerun.

Eng Sprooch léieren huet ebe ganz vill mat kulturellem Hannergrond, sozialer Positioun oder mam Schoulofschloss ze dinn.

De Sproochentest duerch e Sproochecours ersetzen

Ech verlaangen hei net en allgemenge Sproochentest fir all Mënsch, dee wëllt Lëtzebuerger ginn! Ganz am Géigendeel. Wéi wéineg Sënn dee Sproochentest nach mécht, weist sech eleng un der Zuel vun all deenen, déi en net brauchen ze maachen.

Deemno ass et un der Zäit, politesch Integritéit ze weisen an de Sproochentest duerch eng adaptéiert an universell zougänglech Offer vu Sproochecoursen a Sproochpraxissen ze ersetzen.

Brécke bauen amplaz Grief auszehiewen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.