Radioen

On air

Vue sur mer  |  Art d'Ecco - The Traveller

play_arrow Live
search

/ Lëtzebuerger kathoulesch Kierch oppe fir méi Inklusioun

Synodale Prozess

Lëtzebuerger kathoulesch Kierch oppe fir méi Inklusioun

D'Vertrieder vun der kathoulescher Kierch hei am Land wieren, an der Majoritéit, oppe fir eng méi inklusiv Kierch. Dee Wonsch géif et awer net iwwerall an Europa gläichermoosse ginn. Et ass en duerchwuessene Bilan, deen déi Lëtzebuerger Ekipp ronderëm de Kardinol Jean-Claude Hollerich no de Reuniounen am Kontext vum synodale Prozess d'lescht Woch zu Prag zitt. Ronn 590 Vertrieder vun der kathoulescher Kierch aus ganz Europa souzen do d'lescht Woch beieneen, fir iwwert noutwenneg Reformen ze beroden.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / BalkansCat

Lauschterenplay_arrow


Et geet ëm d'Fro, a wéi eng Richtung d'Kierch sech soll entwéckelen, wéi, a wéi vill se méi oppe soll ginn. De Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich, dee vum Poopst François als Generalrapporter fir de synodale Prozess ernannt gouf, huet sech do kloer fir méi Akzeptanz geäussert. Et géif awer nach ëmmer kloer Géigentendenzen an der Kierch, erkläert d'Josiane Mirkes, Co-Responsabel vum Lëtzebuerger Grupp vun der Synod.

"Deen een dee gesäit d'Famill halt wierklech als Papp, Mamm, Kanner, an deen anere gesäit och aner Liewensmodeller an huet do eng grouss Offenheet. Eng Offenheet déi et an eiser Gesellschaft vun haut wierklech brauch, déi d'Leit bei eis och kloer verlaangen oder sech wënschen."

D'Grenz géif sech virun allem tëscht de Kierchen aus West- an Osteuropa situéieren. A Westeuropa wier een éischter oppe fir Verännerungen, wärenddeems een an Osteuropa éischter Angscht do virdrun hätt.

Rapprochement tëscht de Positiounen

D'Josiane Mirkes weist sech awer éischter optimistesch. Déi verschidde Vuen hätte wärend de Reuniounen zu Prag kënnen artikuléiert ginn. Et wier en éierlechen Austausch gewiescht. Et wier ee sech méi no komm, trotz de groussen Ecarten, déi et um Ufank gi wieren.

Wéi d'Zukunft vun der kathoulescher Kierch genee soll ausgesinn, doriwwer wäert um Enn vum synodale Prozess d'Bëschofssynod am Oktober tranchéieren.

Déi Lëtzebuerger Kierch wënscht sech nach méi Oppenheet am weidere Prozess "A wou mer awer d'Offenheet behalen ee fir deen aneren, an da vläit jidderengem seng Vitesse respektéieren."