Radioen

On air

Espresso Beats  |  Twen - SeaStar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Filmakademie géint Boykott vu russesche Filmer

LuxFilmFest

Lëtzebuerger Filmakademie géint Boykott vu russesche Filmer

Déi Lëtzebuerger Filmakademie schwätzt sech géint de prinzipielle Boykott vu russesche Filmer aus. "Mir maache kee Boykott an der Kultur" an et géif ee keng Filmer a Kënschtler blockéieren, seet de Yann Tonnar.

auto_stories

1 min

Déi ukrainesch Filmakademie hat d'lescht Woch opgeruff, russesch Filmproduktiounen international ze boykottéieren. Doropshin huet d'Leedung vum LuxFilmFest déi russesch Bäiträg, dorënner de Kompetitiounsfilm "Gerda" vun der russescher Regisseurin Natalya Kudryashova deprogramméiert.

Déi Lëtzebuerger Filmakademie, den Daachverband vun der Lëtzebuerger Filmindustrie, huet elo Stellung dozou geholl. Si géif déi russesch Invasioun vun der Ukrain condamnéieren an déi ukrainesch Bevëlkerung ënnerstëtzen.

D'Filmakademie géif sech dem grondsätzleche Boykott vu russesche Filmer awer net wëllen uschléissen an déi Filmer Fall fir Fall bewäerten.

Filmakademie orientéiert sech u Cannes

D'Membere vun der Lëtzebuerger Filmakademie hätten de Sujet aktiv diskutéiert, erkläert hire President Yann Tonnar. Eng éischt Reaktioun wier datt een dem Opruff entgéint wëllt kommen, mee et géifen awer Prinzippie ginn, un deenen ee festhale wëllt.

Et hätt ee sech um Festival vu Cannes orientéiert, wou keng offiziell Delegatioun aus Russland empfaangen. Zu Cannes hätt een eng "intelligent a ponderéiert" Positioun, esou de Yann Tonnar.

"Awer mir blockéieren elo keng Kënschtler, keng Filmer. Mir maache kee Boykott an der Kultur."