Ukrain-Kris Lëtzebuerger an der Ukrain: "Et mierkt een iwwerhaapt keng Angoisse"

De Lëtzebuerger Daniel Porcedda lieft zanter 23 Joer mat senger Fra an Duechter zu Kiew. Hien huet d'Entwécklung vun der Ukrain an déi zwou gréisser Revolutioune materlieft. D'Warnungen iwwer eng méiglech Invasioun wieren zwar alarmistesch, d'Liewen zu Kiew géif awer weidergoen, zielt hien am 100,7-Interview.

Carole Schimmer / cbi

Daniel Porcedda
Den Daniel Porcedda lieft zanter 23 Joer zu Kiew

Lauschteren


D'Spannungen op der russesch-ukrainescher Grenz ginn et scho laang, dohier géif et zu Kiew keng Panik an och keng Hamsterkeef ginn, erkläert den Daniel Porcedda. "Et mierkt een iwwerhaapt keng Angoisse", esou de Lëtzebuerger, dee scho laang zu Kiew lieft.

"Dat läit och dorunner, datt se dru gewinnt sinn an enger Krisesituatioun ze liewen. Als Lëtzebuerger sinn ech natierlech e bësse méi beonrouegt, dat wäerte warscheinlech vill Ukrainer lëschteg fannen a soen: firwat reegs de dech op? Kucke mer mol, wat geschitt."

D'Situatioun wier onkloer, engersäits well vill Regierungen hire Landsleit soen, se sollen d'Ukrain direkt verloossen, anerersäits géifen et nach diplomatesch Diskussioune ginn.

Schwiereg, d'Land ze verloossen

Et wéisst een net, wat een dovunner hale soll, mee d'Recommandatioun d'Land ze verloosse wier net realistesch, betount den Daniel Porcedda. Dat wier just méiglech fir déi Leit, déi just geschäftlech an der Ukrain wieren a souwisou een Doheem an engem anere Land hunn.

Hie selwer hätt schonn de Wonsch op Lëtzebuerg ze kommen, sollt d'Situatioun sech verschlëmmeren. "Wann et méiglech wier an et wierklech brenzeleg gëtt, da géife mer natierlech kucken op Lëtzebuerg ze kommen."

D'Entwécklung vun der Ukrain

Sollt et zu enger Invasioun kommen, da wier dat den Enn vun der Demokratie an der Ukrain, esou den Daniel Porcedda.

D'Ukrain hätt bannent de leschten 20 Joer schonn eng Evolutioun matgemaach, et wier schued wann déi géif réckgängeg gemaach ginn, esou den Daniel Porcedda.

Méi zum Thema

Tschernobyl
Ukrain-Kris

Bei der Grenz zu der Ukrain hu Militärmanöver vu Belarus zesumme mat Russland ugefaangen. Ee méiglechen Ugrëff kéint op dëser Grenz geschéien. D'Russe missten duerch eng bekannte Plaz marschéieren: Tschernobyl.

Yehor Soboliev 1
Portrait

Déi ukrainesch Arméi bereet sech op eng Invasioun vu russeschen Truppe vir. Mee och Zivilisten am Land preparéiere sech. Eise Korrespondent Philip Crowther ass engem vun hinne begéint.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen