Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - 12 Études, livre II, L. 136, XI. Pour les sonorités opposées. Modéré, sans lent - Joseph Moog (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Aktivisten op der Welt-Klimakonferenz

COP26

Lëtzebuerger Aktivisten op der Welt-Klimakonferenz

Haut Méindeg fänkt déi zweet Woch vun der Welt-Klimakonferenz zu Glasgow, a Schottland, un. Dausenden Aktivisten hunn de Wee op Glasgow fonnt, dorënner och jonk Lëtzebuerger, déi net nëmmen zesummen op d'Strooss ginn, mee och zesumme liewen.

auto_stories

3 min

Glasgow ass eng Hallef Stonn mam Auto fort. Si wunnen an enger Jugendherberge ausserhalb vum Duerf Beith, wou Villercher zwitscheren an d'Schof virun der Dier grasen.

An engem Eck vum Terrain weet e Fändel vun Extinction Rebellion, der brittescher, dacks radikaler, Ëmwelt-Organisatioun.

Am aneren Eck kritt e Grupp jonk Lëtzebuerger, organiséiert vun der Associatioun Youth4Planet, gewise wéi een Interviewe mat aneren Aktiviste maache soll.

Vir bäi d'Alessandra Barale, 24 Joer al. Si ass den 12. Oktober vu Lëtzebuerg fortgefuer, um Vëlo, besser beschriwwen als elektrescht Dräirad. De Vëlo weit eng 120 Kilo, an ass duerch d'Solarpanneauen elektresch gedriwwen. Wann d'Sonn géing schéngen an d'Stroosse gutt wieren, kéim ee gutt dermat virun esou d'Alessandra Barale - soss kéint een och alt scho mol dermat ëmkippen.

Eng nei Generatioun vun Aktivisten

Hat an en anere Cyclist sinn a Schoulen an op Unie stoe bliwwe fir géigesäiteg Projeten ze presentéieren an Interviewen opzehuelen. Holland, Belsch, Frankräich, England, an elo Schottland. Dee Vëlo geet elo mat op d'Manifestatiounen zu Glasgow.

De Vëlo parkt soss an der Camionnette mam Lëtzebuerger Nummereschëld virun de Gebaier wou dës jonk Lëtzebuerger hiert Doheem hunn. Ënner hinne sinn och déi richteg Jonk, déi nei Generatioun vun Ëmwelt-Aktivisten aus dem Lycée.

Si sinn zu véier dobäi fir e puer Deeg. Dräi aus enger Klass, vun hirer Professorin am Fach "Vie et Société" invitéiert. Genee ewéi d'Vëloen, wier och dëse Projet ouni d'Sue vum Lëtzebuerger Staat net méiglech.

D'Teenager aus dem Lycée soe sinn awer nach keng richteg Aktivisten - awer villäicht geschwënn. D'Emma Nilles, Studentin op enger 3e am Lycée Robert Schumann seet, hat hätt zu Lëtzebuerg nach net souvill gemaach, mee d'Reess op Glasgow an d'Begéine vu gläichdenkende Mëschen huet hat awer inspiréiert, méi aktiv ze ginn. Fir de Richard Gerdemann, e weidere Schüler aus Lëtzebuerg, mierkt een, datt ee bei eppes "Historeschem" derbäi ass.

Nei Erfarunge maachen

Zéng Dausende Leit op der Welt-Klimakonferenz, op d'mannst nach eng Kéier genee esou vill déi bei de grousse Manifestatiounen e Freiden an e Samschden hei zu Glasgow matgemaach hunn.

Déi jonk Lëtzebuerger verspieren déi nämmlecht Frustratioun wéi och d'schwedesch Aktivistin Gretha Tunberg: datt d'Manifestatiounen an d'Klimakonferenz zwou Welte sinn déi net openeen treffen. D'Politiker géifen de Leit net nolauschteren, bedauert de Richard Gerdemann.

Wann et fir si drëms gung, nei Erfarungen hei ze sammelen, da goufen si net enttäuscht. Zum Beispill war eng Manifestatioun lescht Woch e bësse méi chaotesch ginn, d'Police ass intervenéiert an huet e Grupp, ënner hinne véier Lëtzebuerger, agekesselt wärend véier Stonnen.

Net esou friddlech wéi am Duerf, wäit fort vum Kaméidi a vun der Plaz wou d'Zukunft vum Planéit soll negociéiert ginn.