Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg huet 93 nei Gemengeréit gewielt

Gemengewalen

Lëtzebuerg huet 93 nei Gemengeréit gewielt

D'Walbüroe sinn zënter zwou Auer de Mëtteg zou: 330.000 Wieler a Wielerinne hu bestëmmt, wéi eng 1.112 Persounen déi nächst sechs Joer d'Geschécker an hirer Gemeng leede sollen. Elo gëtt ausgezielt.

auto_stories

4 min

Fir d'éischte Kéier zanter den Europawale vu viru véier Joer sinn dëse Sonndeg zu Lëtzebuerg nees Walen. An d'Wielerschaft ass esou grouss wéi nach ni. Par Rapport zu de leschte Gemengewale vun 2017 ginn et dës Kéier 45.000 Wieler:inne méi. Dorënner sinn och 50.000 auslännesch Residenten (+15.000 par Rapport zu 2017).

Well d'Elektorat sech verännert huet, an et keng Ëmfroe bei Gemengewale ginn, gëllen dës Gemengewalen als besonnesch spannend.

Polfer, Wilmes, Benoy oder Cahen?

Ee vun den Enjeuen ass, ob d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) confirméiert gëtt. Déi Liberal hunn zanter iwwer 50 Joer de Buergermeeschterposten an der Haaptstad. Den CSV-Spëtzekandidat Serge Wilmes an de grénge Co-Spëtzekandidat François Benoy viséieren eegenen Aussoen no awer och dat héchst Amt um Knuedler.

Donieft huet d'Lydie Polfer op der eegener Lëscht Konkurrenz mat der Familljeministerin Corinne Cahen (DP), déi och gär géif Stater Buergermeeschtesch ginn. Wa si net géif éischt op der DP-Lëscht ginn, géif si als Buergermeeschtesch ophalen, sot d'Lydie Polfer e puer Deeg virun de Walen am 100,7-Interview. Si sot och, wien Erneierung wéilt, kéint déi och op der DP-Lëscht fannen.

Bleift d'CSV am stäerksten an de Gemenge vertrueden?

En aneren Enjeu ass, ob d'CSV hir Positioun als stäerkst Partei an all de Proporzgemengen (Gemenge mat méi wéi 3.000 Awunner) verdeedegt. Déi Chrëschtlech-Sozial krute viru sechs Joer eppes méi wéi 200 Mandater an de Proporzgemengen, d'LSAP eppes méi wéi 150 an d'DP eppes méi wéi 100, déi gréng 77.

Bleift et bei néng absolutte Majoritéiten?

Déi lescht sechs Joer goufen et an de Proporzgemengen zéng absolut Majoritéiten, woubäi déi vu Clierf et net bis un de Schluss gepackt huet. Um Walowend wäert sech direkt erausschielen, wéi vill absolut Majoritéiten et fir déi nächst sechs Joer gëtt, well déi concernéiert Parteien a Biergerlëschten am Fall vun enger absolutter Majoritéit kee Koalitiounspartner brauchen.

  • D'CSV hat um Schluss nach dräi absolut Majoritéiten (Habscht, Hesper, Rammerech). Zu Clierf haten déi Chrëschtlech-Sozial 2017 eng absolut Majoritéit kritt, wéinst Ännerungen am Gemengerot ass déi awer net bestoe bliwwen
  • D'LSAP hat déi lëscht sechs Joer dräi absolut Majoritéiten (Diddeleng, Dikrech a Mäertert)
  • Zwou Biergerlëschte waren och op kee Koalitiounspartner ugewisen (Luerenzweiler, Ëlwen)
  • D'DP huet eng absolut Majoritéit zu Bartreng

Generalprouf fir den Oktober

D'Resultater vun de Parteie bei de Gemengewale wäerten als Test fir d'Chamberwale vum 8. Oktober gedeit ginn. An nëmme véier Méint ginn nämlech déi 60 Deputéiert fir an d'Chamber gewielt. Datt déi zwou Walen an där Reiefolleg sou no beienee leien, ass historesch an op eng Ännerung vum Walkalenner zeréckzeféieren an der Suite vun den Neiwale vum Oktober 2013.

Dës Kéier sinn an de Proporzgemengen 122 Mandater méi ze vergi wéi 2017, well an zéng Gemenge gëtt fir d'éischte Kéier nom Proporzsystem gewielt. Do kann een um Walziedel ganz Lëschte wielen, an net just eenzel Kandidaten, wat dozou féiert, datt d'Parteie mat Lëschte just a Proporzgemengen untrieden.

DP huet déi meescht Lëschten

Keng Partei huet et dës Kéier awer gepackt an alle grousse Gemenge Lëschten ze presentéieren. D'DP ass mat 47 Lëschten an de 56 Proporzgemengen am stäerkste vertrueden. D'CSV huet 45 Lëschten, d'LSAP der 39, an déi gréng der 36.

93 Gemengeréit stinn dëse Sonndeg zur Wiel

Am Ganze ginn et den Ament 102 Gemengen zu Lëtzebuerg, mee aus verschiddene Grënn ginn dëse Sonndeg nëmmen 93 Gemengeréit gewielt.

A siwe Gemenge gëtt nämlech guer net gewielt:

  • An de sechs Gemenge Buerschent, Noumer, Stadbriedemes, Viichten, Wanseler a Weiler zum Tour ginn et net méi Kandidaten a Kandidatinne wéi Mandater.
  • Zu Bäerdref ass ee Kandidat verstuerwen an dofir gëtt eréischt den 8. Oktober gewielt

Et ginn zweemol zwou Gemengen, déi op den 1. September fusionéieren, an dofir elo schonn e gemeinsame Gemengerot wielen: Bous-Waldbriedemes a Groussbus-Wal.

Vill Leit de Sonndeg am Asaz

D'Walbüroen ware bis 14 Auer op. Eleng an der Haaptstad sinn an 88 Walbüroen eng 900 Leit am Asaz fir datt d'Wale gutt iwwer d'Bün ginn.

Mat de meeschte Resultater gëtt tëschent 16 an 22 Auer gerechent.

Op all den digitale Kanäl vum 100,7 an an der Walsendung um Radio vun 10 Auer bis spéit an den Owend gitt Dir ëmfaassend informéiert. Nieft de Resultater a Reaktioune wäert déi ganz Redaktioun vum 100,7 d'Entwécklunge fir Iech analyséieren an anuerdnen.