Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - In A Station

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg probéiert nach ëmmer néng Leit ze evakuéieren

Afghanistan

Lëtzebuerg probéiert nach ëmmer néng Leit ze evakuéieren

Et sicht een nach ëmmer no den néng Leit, déi en direkte Lien mat Lëtzebuerg hunn, respektiv et waart een drop datt, si et an de Flughafen zu Kabul packen.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Lëtzebuerg géif alles maachen, wat méiglech ass, fir datt déi Betraffen op de Flughafe kënne kommen, seet de François Bausch am 100,7-Interview. Lëtzebuerg wier a Kontakt mat Däitschland fir en Transport aus der Stad bis op de Flughafe vu Kabul méiglech ze maachen.

Et handelt sech ëm eng Famill mat dräi Kanner, enger Begleetpersoun an anere Leit, déi hinnen nostinn, esou de Vizepremier. Véier Leit hunn de Lëtzebuerger Pass a sinn afghanescher Ofstamung. Si sinn aus private Grënn am Afghanistan an hunn et e puer mol probéiert op de Flughafen ze kommen, mee hunn et duerch de Chaos nach net gepackt.

Et goufe scho Plazen a franséischen an däitsche Fligere fir si reservéiert, mee déi sinn eidel bliwwen oder goufe vun anere Leit, déi et an de Perimeter gepackt hunn, iwwerholl. Si kréie gesot si solle sech net méi wei 30 Minutte vum Flughafen ophalen.

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn sot am Gespréich mat der Zeitung LeQuotidien, datt iwwer 100 Demandë fir eng Evakuatioun vu Leit mat engem direkten oder indirekte Lien mat Lëtzebuerg un den Ausseministère erugedroe goufen.

A400M steet am Pakistan prett

De Lëtzebuerger Militärtransportfliger A400M steet zu Islamabad um Flughafen a waart drop, genuch Passagéier ze hu fir normalerweis an d'Belsch ze fléien. All Dag soll ee Fliger vun der Belsch-Lëtzebuergescher an Hollännescher Missioun a Richtung Europa.

De Lëtzebuerger Pilot, deen den A400M op Islamabad bruecht huet, flitt Evakuatiounsmissioune vu Kabul op Islamabad, esou de Lëtzebuerger Ausseministère.

All Dag probéiert dës europäesch Missioun véier Mol d'Loftbréck vu Kabul op Islamabad ze maachen. Eng Kéier ass ee Fliger awer mat just 34 Leit zeréckkomm, eng aner Kéier war de Fliger ganz eidel.

D'Zäit gëtt knapp

Zéngdausende Leit waarde weiderhi fir op de Flughafen zu Kabul gelooss ginn, dee vun den Amerikaner kontrolléiert gëtt, d'Géigend ronderëm de Flughafen ass ënner der Kontroll vun den Taliban.

Den US-President Joe Biden huet gëschter gesot d'Evakuatioun vun hire Leit, Amerikaner, Afghanen, an anerer, géif elo méi séier goen. Mee et sinn net just d'Taliban, déi den Accès un de Flughafe stoppe kënnen, elo ginn och Ugrëff vun der Terrorgrupp IS gefaart.

D'USA evakuéiere Richtung Qatar, Bahrain an Däitschland. De Perimeter ronderëm de Flughafe wier erweidert ginn, sot den Joe Biden. D'lescht Woch, hätten d'USA am Ganze bal 27.000 Leit evakuéiert. Et sinn och zivil Fluchgesellschafte mobiliséiert ginn:18 kommerziell Fligeren, déi baussent dem Afghanistan sinn, solle bei den Evakuatiounen hëllefen.

Den Amerikanesche Plang all hir Evakuatiounen, an domat wuel och all déi aner, bis den 31. August ze komplettéieren, ass net méi garantéiert. Et dauert einfach ze laang jiddwereen, deen eraus wëllt, an e Fliger ze kréien. Dorënner leide weiderhin och déi néng Leit, déi Lëtzebuerg verzweiwelt probéiert op Islamabad ze transportéieren.