Radioen

On air

Al Schanken  |  Janis Joplin - Work Me, Lord

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg preparéiert sech op Flüchtlingsstroum

Ukrain-Krich

Lëtzebuerg preparéiert sech op Flüchtlingsstroum

378 ukrainesch Flüchtlinge ginn am Moment an de staatleche Strukture betreit, an der Haaptsaach Fraen a Kanner. Domat ass iwwer d'Hallschent vun den 803 Better a siwe Strukture beluecht. 1.119 ukrainesch Flüchtlingen hu sech bis elo bei der Immigratioun gemellt. Déi Zuelen huet den Minister fir Immigratioun Jean Asselborn genannt.

auto_stories

2 min

De Jean Asselborn. Foto: Jacques Ganser

Lauschterenplay_arrow


De Stroum vu Flüchtlingen dierft an de nächste Woche weider klammen, a Lëtzebuerg preparéiert ech op déi Situatioun, esou de Jean Asselborn. Gebraucht gëtt elo eng Hal an der Ëmgéigend vun der Stat Lëtzebuerg fir 500 bis 1000 Leit ënner ze bréngen. Donieft goufen eng 70 Leit, déi an der Asylprozedur sinn, vun der Structure d'hébergement d'urgence op de Findel verluecht, doduerch ginn 200 zousätzlech Better fräi.

Dat sinn awer just kuerzfristeg Léisungen, wéi den Ausseminister erkläert:

"Mir sinn amgaang och fir méi durabel Strukturen ze fannen. Hei ass elo vum Primo-Accueil, an do si mer amgaang mat de Gemengen, mat dem Service national de la jeunesse, eng Dose Strukture wäerte mir do kuerzfristeg operationell hunn."

Ënner dëse Gebaier sinn ënner anerem Hotellen, awer och Kulturzentren.

Appell dofir, Privat-Initiativen ze mellen

Keen Iwwerbléck huet ee momentan bei de sëllege privaten Initiativen. Hei war et den Appell vum Immigratiounsminister, onbedéngt d'Immigratiounsservice ze kontaktéiere fir d'Aktiounen ze koordinéieren.

Wat déi betraffe Leit aus der Ukrain ugeet, esou sollen déi sech bei der Immigratioun mellen - d'Personal géif dofir do opgestockt ginn.

All Persoun, déi zum Zäitpunkt vum Krichsufank an der Ukrain gelieft huet, kritt zu Lëtzebuerg de Statut de protection temporaire - dat onofhängeg vun der Nationalitéit, seet de Jean Asselborn:

"Si hunn dann d'Recht op Hebergement, op Hygiène, op Iessen, op Kleeder, op medezinesch Versuergung. Kanner, déi an d'Schoul ginn, op Schoulmaterial. An si hunn d'Recht och op Aarbecht: Dat ass wichteg, an den Aarbechtsminister preparéiert do nach haut e Virschlag, datt déi Leit och kënnen an d'Adem ageschriwwe ginn."

Den Ausseministère huet speziell Hotlinen agesat fir op all Fro eng Äntwert ze fannen. Déi respektiv Informatioune fënnt een um Site vum Ausseministère.