D'Paulette Lenert huet preziséiert déi éischt 1.200 Dosisse vun dem neie Vaccin sollen e Méindeg hei am Land ukommen. A si sollen duerno esou séier wéi méiglech verofreecht ginn. Am Ganzen huet Lëtzebuerg eng 55.000 Dosisse vum Moderna-Vaccin zegutt.
D'Paulette Lenert huet der Chamber och en Impfplang mat fënnef verschiddene Phase presentéiert.
Dem Alter no geimpft
D'Phas 1 ass schonn amgaang: hei gëtt d'Gesondheetspersonal geimpft, an och d'Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer. An enger zweeter Phas wier et dann u Leit iwwer 75 Joer. Dat géif dem Alter nogoen "par ordre décroissant."
Direkt duerno wieren dann d'Leit am Alter tëschent 75 a 65 un der Rei, och si falen nach an d'Phas 2.
An da Phas 3 géifen da fir d'éischt Leit tëschent 65 a 50 Joer geimpft ginn, déi als vulnerabel gëllen, an duerno och Leit déi kritesch Infrastrukturen um Lafen halen:
D'Gesondheetsministerin sot: "Dat sinn Aarbechtsplazen, déi sinn opgelëscht. Dat sinn déi Déngschtleeschtungen, déi essentiell sinn, fir datt e Land ka funktionéieren."
An der Phas 4 sinn et déi vulnerabel Leit ënner 50 Joer a Leit, déi an der Prekaritéit liewen.
D'Phase ginn nach vum Eethikrot ofgeholl
An all déi, déi iwwreg bleiwen, wieren dann an der fënnefter Phas un der Rei. D'Paulette Lenert seet: "Dat geet dann dem Alter no erof, wou mir géifen déi 16 bis 65 Joer al Leit viséieren: Residenten, an och non-residents actifs"
A Stee gemeesselt sinn déi fënnef Phasen allerdéngs nach net. Et ass elo um Eethikrot fir dës Propose vun der Regierung ënner d'Lupp ze huelen an eventuell Ännerungen ze proposéieren. Esoubal dat geschitt ass, gëtt d'Reiefolleg dann definitiv festgehalen.