Scho fënnef Mol huet de Grand-Duché gewonnen. Dat awer ni mat engem Lëtzebuerger oder enger Lëtzebuergerin, mee zum Beispill 1965 mat der France Gall.
Käschte vu bis zu 300.000 Euro
Nächst Joer wäert RTL Lëtzebuerg d'Editioun vum ESC diffuséieren an och d'Delegatioun sou wéi de Kandidat eraussichen, deen de Grand-Duché representéiere wäert, heescht an engem Communiqué vun RTL.
Wéi mir am Dezember schonn exklusiv gemellt haten, hat de Xavier Bettel als Medieminister dës Iddi am Regierungsrot an d'Diskussioun bruecht. Een entspriechende Memorandum geet op de 25. November d'lescht Joer zréck. Doraus geet och ervir, datt d'Käschte fir d'Participatioun tëschent 200.000 an 300.000 Euro leien, déi un d'European Broadcasting Union EBU bezuelt musse ginn. Dobäi kéimen d'Käschte fir d'Selektioun vum Kandidat an d'Bedeelegung um Event selwer.
Positiven Impakt op d'Wirtschaft an den Tourismus?
Falls Lëtzebuerg géif gewannen an traditiounsgeméis an dem Fall d'Joer drop den Event selwer organiséiere misst, kéint dat méi deier ginn. An der Vergaangenheet hätt den Event an anere Länner schonn iwwer zéng Milliounen Euro kascht.
D'Regierung erwaart sech, datt déi lëtzebuergesch Participatioun e positiven Impakt op d'Entwécklung an der nationaler Kulturindustrie an op d'Wirtschaft wäert hunn. Ausserdeem soll Lëtzebuerg als Tourismusdestinatioun promouvéiert ginn.