Radioen

On air

De Moien  |  Janet Jackson - Got 'Til It's Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg lackelt d'Paräisser un a Paräis d'Lëtzebuerger

Tourismus

Lëtzebuerg lackelt d'Paräisser un a Paräis d'Lëtzebuerger

D'Corona-Pandemie trëfft d'Tourismus-Branche zu Paräis haart. Déi franséisch Haaptstad hat d'lescht Joer zwee Drëttel manner Touriste wéi soss a well d'Reesaschränkunge weider unhalen, steet et ëm de Bilan 2021 wuel net besser. Fir dogéint unzekämpfe versicht d'Paräisser Gemeng elo hiren Tourismus méi lokal ze gestalten.

auto_stories

3 min

Kee Stau um Rond-point vum Arc de Triomphe. Paräis war seelen esou eidel wéi elo. Wéinst dem Confinement si vill Awunner geplënnert an d'Mass un Touriste feelt ëmmer nach. D'Ouschtervakanz ass normalerweis den Optakt vun der Touristesaison, mee och dëst Joer fält deen aus.

15,5 Milliarden Euro: sou héich war déi geschate Perte vum Paräisser Tourismus d'lescht Joer. Fir en änlech desastréise Bilan ze vermeiden, ännert d'Paräisser Verwaltung hir Strategie: manner amerikanesch an asiatesch Touristen, dofir méi Touristen aus den Nopeschlänner. An dat muss gutt kommunizéiert ginn, seet de Frédéric Hocquard:

"On veut aussi dire aux touristes: Revenez! N'hésitez pas à venir à Paris. Parce que Paris, pendant le confinement a changé. Vous n'allez pas retrouver Paris de la même manière que vous l'avait trouvé il y a un an ou un an et demi."

Nohaltegen Tourismus

De Vizebuergermeeschter vu Paräis Frédéric Hocquard setzt ob lokalen an nohaltegen Tourismus. Dee wier och méi bestänneg géint Krisen. Virun der Corona-Pandemie koumen 80 Prozent vun den Touristen aus Europa. De Politiker Hocquard wëllt déi Spart vergréisseren, andeems zum Beispill d'europäescht Eisebunnsnetz weider entwéckelt gëtt.

"Aujourd'hui les trains de nuit se développent beaucoup. Notamment des sociétés allemandes et autrichiennes, qui à partir de fin 2021, début 2022, vont proposer des liaisons Vienne-Paris, Berlin-Paris, en train de nuit. Nous, on est très "pour" développer ce type de transport."

TGV statt Fliger. Vëlo statt Auto? Den Transport zu Paräis soll sech och an der Stad änneren. D'lescht Joer am Mee huet d'Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo 60 Kilometer nei Vëlospiste geschaaft. Ënner anerem d'Rue Rivoli, déi parallel zum Louvre verleeft, ass zanterhier fir Autoe gespaart. Dowéinst misst de Vëlos-Tourismus zu Paräis och weider ausgebaut ginn, fënnt de Chargé de Tourisme Hocquard.

"Paris est une des villes dans laquelle l'hôtellerie est la moins équipée pour offrir comme service des vélos à ses clients. Moi je suis très étonné. Vous allez à Berlin. Dans le moindre hôtel, on vous propose une flotte de vélos que l'hôtel à en réserve. À Paris très peu d'hôtels sont équipés dans ce domaine-là."

Lëtzebuerg attraktiv maachen

Paräis bereet sech dëst Joer op Touristen aus den Nopeschregioune vir. Do gehéiert och Lëtzebuerg dobäi. Mee awer och vice versa versicht Lëtzebuerg d'Paräisser un ze zéien, seet d'Ambassadrice Martine Schommer. Et wéilt ee Lëtzebuerg de Paräisser méi no bréngen. Dofir versicht een ënner anerem, de Paräisser Lëtzebuerg besser virzestellen. Am Metro gouf am Februar zum Beispill Reklamm fir de Lëtzebuerger Mudam gemaach.

Knapp all drëtte Paräisser ka sech nämlech virstellen, a Lëtzebuerg Vakanz ze maachen. Den Taux läit domadder ëm ee Véierel méi héich wéi den Duerchschnëtt a Frankräich, sou d'Recherchë vu Luxembourg for Tourism.

Zu Lëtzebuerg hätt een eng Facilitéit mat der franséischer Sprooch, seet d'Martine Schommer. Et misst een de Paräisser och iwwerbréngen, datt Lëtzebuerg eppes Aneschtes wier wéi Frankräich, datt et net nëmmen eng Stad wier, mee och e Land mat kulturellen Aktivitéiten, mat schéine Landschaften, wou ee Vëlo fuere kann oder op der Musel spadséiere kéint goen.

Lëtzebuerg versicht d'Paräisser unzelackelen a Paräis d'Lëtzebuerger. Ob sech dorausser eng Aart Symbios forme wäert, stellt sech villäicht schonn dëse Summer eraus. Egal wéi hänkt et awer vun de Areesbestëmmungen a vun der Entwécklung vun der Corona-Pandemie of. Fir den Ament ass Frankräich nach bis de 26. Abrëll confinéiert.