Gesellschaft Lëtzebuerg kéint sech Lockerungen erlaben, esou de Santésdirekter

Den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit stäipt der Regierung bei hirer Decisioun fir d'Restriktiounen nees opzelackeren, de Réck. Dat obwuel nach net gewosst ass, wéi een Effet d'Feierdeeg an d'Vakanz op d'Infektiounszuelen hunn. An obwuel de Gesondheetsministère an enger Nott un d'Deputéiert méi streng Restriktioune recommandéiert huet.

Michèle Sinner / cz

Dr. Jean-Claude Schmit
Foto: Archiv

An där Nott, déi RTL publizéiert huet, steet, d'Zil vun der Regierungspolitik missten 120 bis 150 Neiinfektiounen den Dag sinn. Am Géigesaz zur Situatioun a Frankräich an Däitschland géif d'Tendenz bei den Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg kloer no ënnen weisen, esou de Jean-Claude Schmit. Dofir kéint ee sech liicht Lockerungen erlaben. Déi wieren och ganz virsiichteg, esou den Direkter vun der Santé.


De Jean-Claude Schmit


"Wann der lo kuckt, wat an Däitschland a Frankräich geschitt - am Moment sinn déi amgaang, deen anere Wee ze goen. Éischter Chifferen, déi eropginn. Dofir kënne mir eis de Moment erlaben, d'Saachen vläicht e bësse méi ze relachéieren, a mir maachen dat ganz, ganz virsiichteg. 't ass kloer, wa mer an deenen nächste Wochen erëm eng Tendenz hätten no uewen, musse mer erëm adaptéieren."

Méi zum Thema

Michel Pletschette
Restriktiounen

Zuele vun Neiinfektioune sinn nach ëmmer ze héich, esou den Epidemiolog Michel Pletschette. Et dierft een d'Restriktiounen net ophiewen an iwwer Couvre-feu vun 18 Auer un an zoue Schoulen nodenken.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen