Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg keeft weider fënnef Millioune Schnelltester

Antigentester

Lëtzebuerg keeft weider fënnef Millioune Schnelltester

D'Regierung huet fënnef Millioune Coronavirus-Schnelltester bestallt, zousätzlech zu den zwou Milliounen, déi schonn do sinn. Dat fir enger Penurie um Marché virzegräifen, mee awer och fir eng Reserv ze hunn am Fall wou d'Infektiounszuelen nees an d'Luucht ginn, erkläert den Dokter Thomas Dentzer, Virolog a Responsabele fir Covid-19-Tester bei der Santé. Eng konkret Strategie fir den Asaz vun dësen Antigentester gëtt et awer nach net.

auto_stories

4 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / photographyos

Lauschterenplay_arrow


Pläng wéi am Saarland, wou eng Persoun e Corona-Schnelltest muss maachen éier se zum Beispill an e Restaurant dierf goen, oder wéi an England wou zwee gratis Coronatester pro Woch fir d'Bierger gratis ausgedeelt ginn, ginn et hei am Land nach net.

Bis ewell ginn d'Tester hei just an de Schoulen an an den Altersheemer strategesch agesat. D'Regierung wier awer am Gaangen iwwer déi nächst Schrëtt ze diskutéieren, erkläert den Thomas Dentzer.

"Déi eng Saach ass d'Sécherheet, déi een duerch esou Tester huet, wann zum Beispill d'Restauranten an d'Terrassen opginn. An déi aner Saach ass natierlech d'Fro, ob dat et net nach méi komplizéiert mécht, well et ass awer e grousse logisteschen Opwand hannendru fir d'Tester ze kafen, mee och fir se ze realiséieren. Wann een elo jiddwerengem en Test imposéiert fir iergendwou eranzegoen, da muss deen eng véierel Stonn virun der Dier waarden, bis en d'Resultat huet. Oder e muss an Isolement goen, wann e positiv ass. Do ass eng ganz Logistik hannendrun, déi net Ohne ass."

Derbäi kéim, datt de Corona-Selbsttest d'Dier géif opmaache fir ze fuddelen, esou den Thomas Dentzer. Zum Beispill géife verschidden Tester no enger hallwer Stonn automatesch positiv ginn. En Autotest doheem wier logistesch schwiereg ze kontrolléieren. Méi einfach wier, et wann d'Tester an enger méi grousser Amplitude géifen agesat ginn.

"Mir hu schonn esou Tester gemaach, mat der Rockhal zesummen zum Beispill, wou mir da Leit sur place hunn, déi den Test bei deenen anere maachen, an en och auswäerten. Dat ass dann en zwee oder véier oder sechs Aeprinzip fir ze soen, "Ech maachen Iech en Test an ech kucken, ob e positiv oder negativ ass". Dann evitéiert ee schonn, datt gefuddelt gëtt. Mee natierlech, et ass e logistesch Opwand, wann ech elo 500 Leit an der Rockhal hunn, dann hunn ech 500 kleng Testkäertercher do leien."

Siwe Milliounen Tester

Och wann d'Strategie nach net 100 Prozenteg kloer ass, huet Lëtzebuerg scho mol preventiv Schnelltester bestallt. Fënnef Millioune Stéck sollen zousätzlech zu den zwou Milliounen, déi schonn do sinn, an den nächsten dräi Wochen ukommen, esou de Virolog a Responsabele fir Covid-19-Tester bei der Santé. Domadder wéilt d'Regierung enger méiglecher Penurie vun den Tester um Marché virgräifen.

"Wann déi ganz Welt elo déi Tester akeeft da ginn déi och Mangelwuer. Vläicht lo manner schlëmm wéi bei de PCR-Tester oder Vaccinen, mee trotzdeem kritt ee se net onbedéngt bäi, wann ee se da brauch. Dofir wollte mir se op Lager hunn. Och fir verschidden Urgencen, zum Beispill wann d'Infektiounszuelen elo nees exponentiell wuessen, da kéint ee mat sou Schnelltester déi ganz Populatioun eemol teste fir d'Zuelen nees erofzekréien. Op sou Zenarie bereede mir eis vir."

De Präis vun den Tester géif tëschent 2 an 12 Euro variéieren. Wéi vill Lëtzebuerg fir seng Milliounen Tester bezuelt huet, wollt den Expert net soen. Et hätt ee sech op d'Präisleeschtungsverhältnis an op verschidde Krittäre vun der WHO baséiert, seet den Thomas Dentzer.

"Wann een asymptomatesch Leit huet, da muss den Test op d'mannst 80 Prozent vun de Positiven erkenne kënnen. Soss ass et net unzeroden, esou een Test ze gebrauchen. A wann een esou en Depistage-Programm mécht, da soen déi Däitsch an d'Fransousen an d'Wëssenschaftler, datt den Test op d'mannst d'Hallschent vun de Positive muss erkennen. En sachant, datt dann och d'Hallschent vun de Positiven net erkannt gëtt. An dofir ginn et ganz grouss Bandbreete vu Variatiounen. An dofir hale mir eis un déi Fournisseuren, där hir Tester onofhängeg getest gi sinn. Zum Beispill déi hei am LNS evaluéiert an analyséiert gi sinn, mee awer och Tester aus Frankräich oder Däitschland, déi spezifesch Instituter hunn, déi soss quasi näischt maache wéi déi Tester ze evaluéieren."

De Stock vun den am ganzen siwe Milliounen Antigentester soll viraussiichtlech bis de Summer duergoen, seet den Thomas Dentzer. Lëtzebuerg hätt sech awer d'Optioun beim Fournisseur opgehale fir weider Bestellungen ze maache wann néideg, esou nach de Virolog.