Radioen

On air

Kultur um 5  |  Not to be messed with

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg huet gewielt - wat elo?

Chamberwahlen 2018

Lëtzebuerg huet gewielt - wat elo?

Déi nei Chamber ass gewielt. Gewënner sinn: déi gréng mat dräi Sëtz méi, d'Piratepartei mat zwee Sëtz, déi nei an d'Chamber kommen, an d'ADR déi ee Sëtz dobäi gewonnen huet. Déi grouss Parteien CSV, LSAP an DP hu Stëmme verluer. D'CSV bleift mat 21 Sëtz stäerkste Partei. D'DP kënnt op zwielef Sëtz, an d'LSAP op zéng Sëtz. D'Dräier-Koalitioun kann arithmetesch weidergefouert ginn. D'Spëtzepolitiker vu blo-rout-gréng hu sech dofir ausgeschwat, d'Parteigremie mussen nach zoustëmmen. Wéi geet et virun no de Wahlen?

auto_stories

3 min

headphones

28 min

play_arrow
Claude Lamberty, Carole Dieschbourg, Laurent Zeimet, Alex Bodry

"Ech kann haut de Moie just feststellen, datt dës Koalitioun mat 31 Sëtz net de Walverléierer ass, mee esouguer als Koalitioun gestäerkt gouf", seet den DP-Generalsekretär Claude Lamberty. Déi dräi Parteie missten elo diskutéieren a kucken, wéi ee gemeinsame Projet fir déi nächst Jore kéint ausgesinn.

Wann een "seng Majoritéit behält, dann huet ee sécherlech näischt falsch gemaach", seet de Claude Lamberty. Déi gréng wiere wuel de klore Gewënner vun de Wahlen. D'Parteigremie vun DP (awer och LSAP a gréng) missten elo déi rout Linne fir e Koalitiounsaccord an den nächsten Deeg definéieren, esou de Claude Lamberty.

LSAP zeechent éischt rout Linnen op

D'LSAP-Handschrëft misst am nächste Koalitiounsprogramm "erkennbar sinn", seet den Alex Bodry. Fir d'LSAP ginn et dräi rout Linne fir eng nei Dräier-Koalitioun:

  • keng Rentereform
  • den Index
  • Eng Hausse vun 100 Euro vum Mindestloun.

Den Alex Bodry schwätzt vu schwéiere Verhandlungen. Virun de Wahlen hätt et kee gemeinsame Koalitiounsprogramm tëscht den dräi Parteie ginn, déi elo déi Regierung ausmaachen. Jiddereen hätt sech op seng Wahlprogrammer konzentréiert.

"An elo muss sech erausstellen, ob mir an den nächste Woche genuch Gemeinsamkeeten, genuch Elan fannen, fir aus deene verschiddene Programmer dat Bescht eraus ze huelen", sou den Alex Bodry. D'Koalitioun tëscht DP, LSAP an déi gréng wier kee Selbstläufer, mee misst dono vun engem Kongress guttgeheescht ginn.

Hie selwer an anerer wieren net der Meenung, datt ee mordicus an eng Regierung wéilt. Hei gëtt kloer: D'LSAP wëll programmatesch Concessiounen.

Fir de Fall datt d'LSAP véier Sëtz verluer hätt, wier et dat "virherrschend Gefill bei der LSAP" fir an d'Oppositioun ze goen, confirméiert den Alex Bodry. D'Sozialisten hu gëscht dräi Sëtz an der Chamber verluer.

Carole Dieschbourg: Méi Gewiicht fir Theme vun déi gréng

D'Wahlresultater vun den aktuelle Koalitiounspartner wäerten am Fall vun enger Neioplo vu Blo-Rout-Gréng eng inhaltlech Neigewiichtung tëscht de Koalitiounspartner mat sech bréngen, seet d'Carole Dieschbourg.

An der leschter Steierreform hätt et scho gréng Akzenter ginn. "Dat geet awer bei Wäitem nach net duer wa mir gesi wat d'Resultat ass. Mir hunn Nohuelbedarf an ech mengen dat wäert sécherlech eng Diskussioun op Aenhéicht gi mat de Partner. Dat kucke mir da wa mir esou wäit sinn", sou d'Carole Dieschbourg.

D'Carole Dieschbourg seet, datt fir déi Gréng d'Diskussioune missten op Aenhéicht gefouert ginn. Et géif Nohuelbedarf an der Klimapolitik ginn, a Landwirtschaft an Ëmwelt dierfte keng Géigespiller sinn. Fir d'Carole Dieschbourg ass et iwwerdeem kloer, datt Landwirtschaft an Ëmwelt keng Géigespiller dierfte sinn, mee matenee misste fonctionnéieren, esou d'Carole Dieschbourg. Et wier awer vill ze fréi fir elo doriwwer ze diskutéieren, ob déi gréng an enger Dräier-Koalitioun béid Ressorten iwwerhuele wëllen.

Konsens: Debatt iwwer Ännerungen um Wahlsystem néideg

Der Diskussioun iwwer Ännerungen am Lëtzebuerger Wahlsystem verschléisst den Alex Bodry sech net. "Ech mengen, do musse mir roueg doriwwer diskutéieren. Mat 0,2-0,3 Prozentpunkte méi Stëmmen am Norden an am Zentrum hätt d'LSAP zwee Sëtz méi kritt." Och d'Carole Dieschbourg hält eng Diskussioun iwwer de Wahlsystem fir néideg.

Ongewëss politesch Zukunft fir de Claude Zeimet

D'CSV huet zwee Mandater bei de Wahle verluer. Iwwert méiglech personell Konsequenze vum Spëtzekandidat Claude Wiseler wollt de CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet näischt soen. "Et ass richteg, datt ech net an déi nei Chamber gewielt gi sinn", kommentéiert de Laurent Zeimet säin eegent Resultat.

Hie wier sech bewosst, "datt de Generalsekretär eng Responsabilitéit un der Campagne dréit", seet den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet. Säi Mandat als Generalsekretär géif souwisou op en Enn goen. Hien ass net méi an d'Chamber gewielt ginn.