Radioen

On air

Notturno  |  The Lemon Twigs - Corner Of My Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg huet eng nei Verfassung

Verfassungsreform

Lëtzebuerg huet eng nei Verfassung

Lëtzebuerg huet eng nei Verfassung. 20 Joer laang ass un där Moderniséierung geschafft ginn. Et ass dëst déi éischt gréisser Reform zënter 1868. De Samschdeg de Moie gouf et eng feierlech Zeremonie um Parvis vun der Chamber. De Grand-Duc Henri huet do eng Gedenkplack ageweit, mat där un den Dag vun haut erënnert gëtt.

auto_stories

1 min

De Chamberpresident Fernand Etgen huet a senger Ried ënnerstrach, datt den neien Text am breede Konsens entstanen ass.

"D'Aarbechte vun der Chamber un de verschiddene Kapitele vun der Constitutioun sinn iwwert déi traditionell Meenungsverschiddenheeten eraus gaangen an hunn zu engem Konsens gefouert, wat mech als Chamberspresident ganz houfreg mécht."

Mars di Bartolomeo: Revidéiert Verfassung ass ee Quantesprong

De President vun der Institutiounen-Kommissioun Mars di Bartolomeo schwätzt vun enger Verfassung déi keng Revolutioun ass, mee et wier een Text deen am Zeeche vun der Evolutioun steet.

"Eis bisheereg Verfassung ass zwar am Laf vun der Zäit schonn x-mol adaptéiert ginn an dach stellt déi revidéiert Verfassung e Quantesprong duer. Mir feieren awer haut net nëmmen d'Akraaftsetzung vun eiser revidéierter Verfassung, mee och dat, woufir eist Grondgesetz, dat wichtegst vun alle Gesetzer, eis iewescht Norm, steet. An deem neien Text fanne mer déi Identitéit, déi Rechter a Fräiheeten, déi gemeinsam Ziler, déi Wäerter vun Demokratie, Fräiheet, Rechtsstaatlechkeet erëm, fir déi Generatioune gekämpft, jo hiert Liewe gelooss hunn."

Mam neien Text ginn den Entwécklungen a punkto Rechter a Fräiheete Rechnung gedroen, och d'Kapitele Parlament, Justiz an Organisatioun vum Staat mat ënnert anerem der Roll vum Grand-Duc, ginn an där Reform ofgeännert. Och d'Biergerrechter gi gestäerkt.