De Grand-Duc Jean Lëtzebuerg huet Äddi gesot
Vill Bierger, offiziell Vertrieder aus Politik a Gesellschaft sou wéi Vertrieder vu Kinnekshaiser hunn dem verstuerwene Grand-Duc Jean déi lescht Éier erwisen. Bis haut den Owend gëllt eng Staatstrauer.

De Grand-Duc Jean wier e baarmhäerzege Mënsch gewiescht, sot den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich a senger Priedegt während der Trauerzeremonie an der Kathedral. Déi éischt grouss Léift vum verstuerwene Grand-Duc Jean wier säin Heemechtsland gewiescht. Hien hätt gewisen, datt d'Liewe schéi wier, trotz allem Ongléck dat kéint geschéien. Elo wier de Grand-Duc Jean mat sengen Eltere vereent an och mat all deene Lëtzebuerger, déi am Krich hiert Liewe fir d'Fräiheet vum Land ginn hätten.
Vill Leit waren an der Uewerstad fir dem fréiere Staatschef déi lescht Éier z'erweisen. Och vill Vertrieder vun auslännesche Kinnekshaiser ware präsent, sou wéi offiziell Vertrieder aus Politik a Gesellschaft.
No der Mass gouf de Grand-Duc Jean an der Krypta vun der Kathedral bäigesat. De Grand-Duc Jean, Staatschef vun 1964 bis 2000, war den 23. Abrëll am Alter vun 98 Joer verstuerwen. Bis haut den Owend gëllt eng Staatstrauer.