Déi 49 Refugiéen, déi deels zanter iwwer zwou Wochen op blockéierte Schëffer am Mëttelmier festsouzen, dierfen op Malta u Land goen. Dat huet de Mëtteg de maltesesche Premierminister Joseph Muscat matgedeelt.
D'Réfugiéë sollen op verschidden europäesch Länner - dorënner och Lëtzebuerg -verdeelt ginn. Dat gëllt och fir déi 250 Refugieen, déi déi lescht Woch aus dem Mëttelmier gerett goufen an och op Malta u Land gaangen sinn. Däitschland a Frankräich hunn EU Sourcen no annoncéiert, jeeweils 60 Migranten opzehuelen.
Nach ëmmer keng europäesch Léisung
Zwou däitsch Hëllefsorganisatiounen haten 32 Refugiéen kuerz viru Chrëschtdag a weider 17 kuerz viru Silvester am Mëttelmier gerett. Zanterhier souzen déi 49 Flüchtlingen op de Schëffer fest, well esouwuel Malta wéi och Italien hir Heefen zougemaach haten.
D'Europäesch Kommissioun huet haut op en Neits een Appell lancéiert, datt ee permanente an europäesche System gebraucht géif ginn, fir mat esou Situatiounen ëmzegoen. D'EU-Länner si sech an där Fro awer net eens.