Der Tabell no, déi vun der Europäescher Gas-Infrastruktur lafend à jour gehale gëtt, sinn den Ament schonn iwwer 90 Prozent vun de Gasspäicher gefëllt.
Net all d'Memberlänner hunn dat Zil vun de 90 Prozent erreecht. Déi allermeescht sinn awer no drun. Dobäi ass d'Zil vun de 90 Prozent obligatoresch. D'EU-Länner ware sech am Mee 2022 iwwer ee Reglement eens ginn, dat virschreift, datt bis den 1. November zejoert op d'mannst 80 Prozent, an dëst Joer 90 Prozent vun de Späicher misste voll sinn.
Datt een dat Zil elo scho Mëtt August erreecht huet, wier een Zeechen dofir, datt d'EU gutt preparéiert an de Wanter geet an et géing och hëllefen, d'Marchéë fir déi nächst Méint ze stabiliséieren, gëtt d'EU-Kommissärin fir d'Energie, Kadri Simson, an engem Presse-Communiqué zitéiert.
Lëtzebuerger Fournisseure kommen EU-Verflichtung no
Lëtzebuerg, dat selwer kee Späicher huet, muss deem Reglement no noweise kënnen, datt op d'mannst 15 Prozent vu sengem duerchschnëttleche Jores-Verbrauch bis den 1. November an engem auslännesche Späicher stockéiert sinn.
De Lëtzebuerger Energieministère huet sech op eis Nofro hi bei den dräi Fournisseuren, déi aktuell Gas hei an d'Land liwweren, informéiert. Enovos, Südgaz an och Arcelor hu matgedeelt, datt si um Stéchdatum op d'mannst déi 15 Prozent an hire Späicher a Frankräich an Däitschland erreecht hunn.
D'EU huet sech och engagéiert, de Gas-Konsum ëm 15 Prozent erofzesetzen. Bis elo ass de Gas-Kosnum an der Moyenne an de Memberlänner tëscht August 2022 a Mee dëst Joer ëm 18 Prozent erofgaangen. Dat heescht och dat Zil gouf largement erreecht.
Statec: Gaskonsum zu Lëtzebuerg zejoert ëm 22 Prozent erofgaangen
Dem Statec no ass och zu Lëtzebuerg de Gaskonsum zejoert däitlech erofgaangen. Par rapport zur Moyenne an de Joren 2016 bis 2022 goufen 22 Prozent manner Gas verbraucht. Déi Reduktioun wier zu zwee Drëttel op d'Industrie zeréckzeféieren an zu engem Drëttel op de Chauffage, wat natierlech och mam mëlle Wanter an der Zuel vun den Deeg, op deenen an de Stéit d'Heizunge gelaf sinn, ze dinn huet. Där gouf et 2022 ëmmerhi siwe Prozent manner wéi an de Jore virdrun.
De Statec seet och, datt d'Spuer-Potential bal um Maximum ukomm ass, well d'Consommatioun am zweeten Trimester dëst Joer op deem Niveau vun zejoert bliwwen ass.
Wanter kéint trotzdeem haart ginn
Mee och voll Späichere bedeite keng Entwarnung fir dëse Wanter.
Ëmmerhi kënnen dora just een Drëttel vum Gas, deen an der EU verbraucht gëtt, stockéiert ginn. Ee kale Wanter kéint zesumme mat engem Liwwerstopp aus Russland zu groussen Tensiounen um Energie-Maart féieren, hat am Juli déi International Energie-Agence (IEA) gewarnt.
Dobäi kënnt, datt d'EU ëmmer méi Flësseggas asetzt: LNG mécht den Ament der IEA no schonn iwwer een Drëttel vun der europäescher Demande aus, an op deem Marché wier deemno wéi mat grousse Präis-Schwankungen ze rechnen.