Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg ënnerstëtzt Pëtrolsembargo géint Russland

EU-Sanktiounen

Lëtzebuerg ënnerstëtzt Pëtrolsembargo géint Russland

Nom Spezialsommet vun den Energieminister sollen nei Sanktioune géint Russland ausgeschafft ginn. Lëtzebuerg ka sech engem Pëtrolsembargo ralliéieren, huet awer Schwieregkeete beim Gas, seet de Claude Turmes.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Pëtrol fëllt zum groussen Deel déi russesch Krichskees, seet de Claude Turmes am 100,7-Interview. Dofir wier et wichteg, hei unzesetzen.

An Europa wier e Pëtrolsembargo méi einfach ëmzesetze wéi e Gasembargo, betount den Energieminister. Dofir wier et senger Meenung no och déi richteg Entscheedung fir op dee Wee ze goen.

"D'Lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt dat, well mer et doduerch fäerdeg brénge Russland ze schueden an ee klore Message an déi Richtung ginn."

Lëtzebuerg hätt sengersäits aktuell "ganz wéineg" Pëtrolsproduiten aus Russland, esou de Claude Turmes.

Gasembargo: kee Konsens

Bei engem eventuelle Gasembargo bleift Lëtzebuerg zeréckhalend: déi däitsch chemesch Industrie géif getraff gi mat Repercussiounen op déi ganz EU, gëtt de Claude Turmes ze bedenken. Wat Sanktioune beim Kaf vu Gas ugeet wier Lëtzebuerg net direkt betraff.

D'Fro, ob d'Bezuele vun de Gasrechnungen a Rubel, respektiv d'Opmaache vun engem Konto bei der Gazprombank géint Sanktioune verstéisst, misst dem Claude Turmes no nach gekläert ginn.

Fir de Lëtzebuerger Energieminister ass et wichteg, datt een net "op d'Spill vum Här Putin" ageet an datt déi aktuell Kontrakter esou erfëllt ginn, wéi dat virgesinn ass, "an net wéi den Här Putin dat wëllt".

Déi Lëtzebuerger Propos fir en europäeschen Energiespuerprogramm wier positiv um Conseil vun den Energieministeren opgeholl ginn. D'EU-Kommissioun soll an zwou Wochen en Dokument publizéieren, ee ganzt Kapitel soll sech do mat enger Spuercampagne fir Energie beschäftegen.