Radioen

On air

Espresso Beats  |  Sharon Jones & The Dap-Kings - How Long Do I Have To Wait For You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Ukrain weider mat Waffen

Krich

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Ukrain weider mat Waffen

Mat grousser Majoritéit huet d'Lëtzebuerger Parlament sech haut fir weider Waffe-Liwwerungen un d'Ukrain ausgeschwat. D'Chamber schwätzt sech och dofir aus, d'Bestriewunge vun der Ukrain fir an d'EU ze kommen esou gutt et geet ze ënnerstëtzen. Dat sinn déi zentral Punkten aus enger Motioun, déi vun alle Parteie mat Ausnam vun ADR an déi Lénk matgedroe gouf, an déi haut ugeholl ginn ass, nodeems den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj sech iwwer Video-Konferenz un d'Deputéiert geriicht hat.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


"Merci Lëtzebuerg, vive d'Ukrain!" Mat deene Wieder huet de Wolodymyr Selenskyj seng Ried vun enger knapper Véierelsstonn den Donneschdeg Moien ofgeschloss.

Den ukrainesche President huet sech schonn u vill Parlamenter adresséiert. An natierlech si seng Messagen ëmmer déi selwecht: Liwwert eis Waffen, sanktionéiert Russland. An dat sot en och haut. Mee e sot et anescht wéi soss, speziell ausgeriicht op déi, déi him haut nogelauschtert hunn. "Mir wëlle bleiwe wat mer sinn": de Lëtzebuerger Slogan géif ganz gutt d'Attitüd vu sengem Vollek beschreiwen, sou de Selenskyj. Well och d'Ukrainer am Fong just dat wéilten: Bleiwe wat se sinn. Am léifsten - an zwar esou séier wéi méiglech - als Member vun der EU. Och déi Erwaardung ass bekannt: "Mir sinn dee facto jo scho Member", sou de President, well säi Land net just sech selwer, mee fundamental europäesch Wäerter géif verteidegen.

EU-Bäitrëtt: D'Ukrain soll eng Perspektiv kréien, sou Xavier Bettel

Mir wäerten Iech ënnerstëtze wou mer kënnen, sot dozou de Xavier Bettel. Woubäi hien net verstoppt huet, et wier eng Illusioun ze mengen, d'Ukrain kéint muer scho Member ginn, well et guer keng Prozedur fir e séiere Bäitrëtt gëtt. Mee eng Perspektiv misst d'EU den Ukrainer ginn. Onbedéngt, sou de Lëtzebuerger Premier. An zwar schonn um nächste Sommet an dräi Wochen.

"Ce serait le pire message de l'UE qu'au mois de juin les 27 n'aient pas d'accord et qu'on dise: c'est reporté à plus tard."

Xavier Bettel: Gespréicher tëscht den zwee Presidente si wichteg

De Statut als EU-Bäitrëttskandidat wier e wichtegt Signal. Mee e bréngt der Ukrain nach kee Fridden. Fir de Krich op en Enn ze bréngen, wier et wichteg, datt den ukraineschen an de russesche President matenee schwätzen, sou de Xavier Bettel.

"Que ça plaise ou que ça ne plaise pas : ce sera le seul niveau auquel on pourra avancer. Ça ne sert à rien d'avoir des négociateurs. On sait très bien qu'à Moscou il n'y a personne d'autre qui décide que Vladimir Poutine actuellement. Donc il est important d'avoir cette réunion entre vous et lui."

An huet du zouginn, dass hien dat, wat e vum Wolodymyr Selenskyj erwaart, selwer huet net hikréich. "No Butcha bréngen ech et net méi fäerdeg, mam Putin ze telefonéieren", sou de Lëtzebuerger Staatsminister.