Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Lola Young - Messy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg, eng kapverdianesch Insel

Wirtschaftleche Partner

Lëtzebuerg, eng kapverdianesch Insel

Mat ëm déi 3.000 Leit, ass déi kapverdianesch Communautéit zu Lëtzebuerg eng vun deene Gréisste baussent dem Cap Vert selwer. Viru 60 Joer huet déi Immigratioun ugefaangen, Lëtzebuerg huet d'Land mat Kooperatiounshëllef ënnerstëtzt. Déi enk Relatioune waren dann och e grousst Thema bei der Staatsvisitt vum kapverdianesche President José Maria Neves.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Eng vun de Visittetappe war de Mëttwoch d'Uni Lëtzebuerg um Belval. De Gaascht huet an der Pressekonferenz direkt déi speziell Relatioun tëscht béide Länner ernimmt.

"Ce n'est pas un accueil officiel, protocolaire, c'est un accueil d'amis. Notre relation a évolué en une grande amitié."

Inspiratioun um lëtzebuergeschen Wirtschaftsberäich

Vum Entwécklungsland hin zum wirtschaftleche Partner. De Cap Vert hätt sech entwéckelt a wéilt sech am wirtschaftleche Beräich u Lëtzebuerg inspiréieren. Als Land mat vill Sonn a vill Mier hätt een do wirtschaftlecht Potential.

"Il y a la question de la transition digitale, la question de l'énergie renouvelable et sur un niveau supérieur la science, l'innovation. Vous avez beaucoup fait dans les domaines de l'innovation, vous êtes une inspiration pour nous."

Op der Uni Lëtzebuerg selwer sinn eng ganz Réi vu kapverdianesche Studenten ageschriwwen, mam Tavares Bernardino ass och e Fuerscher aus dem Inselstaat do aktiv. Ob an der Fussballnationalequipe, der Police oder anere Beruffer, iwwerall hätte sech déi kapverdianesch Communautéit trotz Sproochschwieregkeete gutt integréiert. Dat géif mëttlerweil och fir d'Politik gëllen.

"Aujourd'hui j'ai parlé avec des Capverdiens qui sont candidats aux élections communales, ils ont parlé avec beaucoup d'enthousiasme de la campagne électorale et Luxembourg, c'est une autre île du Capvert."

Als Zeeche vun de gudde Relatioune wäert Lëtzebuerg vun Oktober un duerch e permanenten Ambassadeur zu Praia vertruede sinn. Bis elo gouf déi Aufgab vun der Ambassadrice zu Lissabon mat iwwerholl.